Dëst Joer gouf fir d'éischt am Proporzsystem gewielt
1983 hunn eng 651 Leit an der Gemeng Beefort gewunnt. Den aktuellsten Zuelen no, sinn et der an der Tëschenzäit 3.055.
Domat ass Beefort déi Gemeng, an där d'Awunnerzuel iwwer déi lescht 40 Joer am Meeschte gewuess ass. Vue dass si eréischt zejoert de Meilesteen vun 3.000 Awunner erreecht hunn, ass dat heiten déi éischte Kéier, dass d'Gemeng ënnert de Proporz-System fält.
Dat wier mat enger Partie Changementer gekoppelt gewiescht, sou de Christian Kieffer, deen dëst Joer fir d'éischt Kéier am Walbüro mat dobäi ass, dat direkt als President vun de Walbüroen. Déi gréissten Erausfuerderung wier et gewiescht, Presidente fir déi aner Walbüroen an Assesseure fir d'Walbüroen ze fannen.
Dëst Joer hu sech am Ganzen 19 Kandidaten op 2 Lëschten opgestallt an ënnert den 3.055 Awunner sinn 1.523 ageschriwwe Wieler.