Rumouers ëm Muechtspiller an der CSV, LSAP onzefridden
Zu Wolz bléist an Zukunft e schwaarz-bloe Wand mat un der Spëtzt der CSV-Gemengeconseillère Carole Petitnicolas-Weigel, déi nei Buergermeeschtesch gëtt.
Si hat hire perséinleche Score ëm iwwer 42 Prozent verbessert.
D'LSAP mat hirem Spëtzekandidat an elo Ex-Buergermeeschter Fränk Arndt ass natierlech net zefridden. Och an der CSV selwer géing et rumoueren. Hei géing et ëm Muechtspiller goen.
D‘CSV huet 2,5 Prozentpunkte bäigeluecht an huet och iwwer 680 Lëschtestëmme méi wéi eng LSAP, wat et bis ewell nach ni gouf, sou déi nei Buergermeeschtesch. Och d'DP huet zu Wolz iwwer 4 Prozentpunkte bäigeluecht. D'Leit wéilten deemno e Wiessel zu Wolz, sou d'Carole Petitnicolas-Weigel.
"Ech hunn ëmmer gesot, et soll een de Wielerwëlle respektéieren. Wann d'Leit e Wiessel wëllen, da war dat an eisem Fall just méiglech mat enger DP. Dat ass eng Decisioun, déi bei eis an der Ekipp geholl gouf. Et war vläicht net ganz zefriddestellend fir jiddwereen, mee dat ass nun ebe sou. D'Ekipp stoung vu vir eraus hannert mir, hannert mengen Iddien, hannert mengem Resultat. Se stoungen direkt hannert mir an et ass och alles an der Ekipp decidéiert ginn."
Net zefriddestellend war et wuel fir den 1. an 2. Gewielten op der CSV-Lëscht: déi aktuell Schäffen Albert Waaijenberg a Patrick Comes. CSV-intern wier de Vott e Méindeg eisen Informatiounen no 7 géint 6 ausgefall.
Bannent der CSV-Sektioun goufen et Onstëmmegkeeten, wéi dat Ganzt iwwer d'Bün gaangen ass an dofir huet en Dënschdeg de Mëtteg den CSV-Schäffen an zweetgewielten op der CSV-Lëscht, de Patrick Comes, seng Parteikaart ofginn a geet als fräie Member an de Gemengerot setzen. Hien an den Albert Waaijenberg wieren net zefridden mat der Aart a Weis, wéi dës Koalitioun zustane koum.
Donieft wier hien der Meenung, dass et eng geféierlech Situatioun wier, dass elo eng komplett nei Ekipp un d'Rudder kënnt, bei deene grousse Projeten déi zu Wolz an den nächste Joren ustinn, sou de Patrick Comes. Am Schäfferot wier an Zukunft nämlech eng Ekipp aus Leit, déi virdrunner awer just am Gemengerot vertruede waren a sech elo mol nach missten aschaffen. De Patrick Comes sot op RTL-Nofro och, dass hie kengem schlecht gewëllt wier, mee hien eben net esou wéilt schaffen. Och ouni de Patrick Comes hätt d'CSV-DP weiderhin eng Majoritéit mat 7 vun 13 Sëtz.
Och bei der LSAP, déi elo no iwwer 2 Joerzéngten an d‘Oppositioun muss, ass een net zefridden. De President vun der LSAP Wolz Michael Schenk.
"Mir hunn awer e bësse Bauchwéi bei der Saach wann d‘Nummer 5 Buergermeeschter gëtt, d‘Nummer 9 Schäffen an den Nummer 11 Schäffen op der gewielter Lëscht [CSV-Lëscht n.d.l.r]. Do kann een absolut net vu Wielerwëlle schwätzen. Mee dat hei huet och national Grënn, wou mer wëssen, dass d'CSV Drock op déi Ekipp ausgeüübt huet, fir dat esou ze maachen. Bon et wäert elo sou goen. Et bleift eis dann nëmme bonne Chance ze wënschen an eng glécklech Hand.“
Och bei der DP wier Drock vun nationaler Säit gemaach ginn, fir net an eng Koalitioun mat der LSAP ze goen. Dozou wollt den Amel Cosic, President vun der DP-Sektioun Wolz an neien 2. Schäffen zu Wolz näischt soen.
"Mir hu mat deenen zwou Parteie geschwat. An et war fir eis déi ganzen Zäit kloer, dat ass meng Meenung als President, dass et bei der CSV wäert bleiwen. Wéi gesot, d'CSV hat a mengen Aen alles an der Hand an ech muss éierlech soen, ech hu mech mat hirer Presidentin [déi nei Buergermeeschtesch Carole Petitnicolas-Weigel n.d.l.r.] och gutt verstanen.“
D'Koalitiounsgespréicher wäerten elo dës Woch nach ufänken. Einfach dierft et op alle Fall net ginn.