Kuerz virun 20 Auer stoung d'Corinne Cahen eng leschte Kéier als Familljeministesch hannert dem Riednerpult.

Emotionalen Ament en Dënschdeg den Owend um Krautmaart. D'Ministesch Corinne Cahen gouf jo als Drëtt op der Stater DP Lëscht gewielt an iwwerhëlt elo nei Responsabilitéiten an der Gemeng. Si muss dofir als Regierungsmember zerécktrieden an et ass drop an drun, datt si offiziell demissionéiert.

"Ech wollt Iech alleguer Villmools Merci soen, well dat hei ass haut meng leschte Ried als Familljeministesch. Et war net ëmmer schéin hei, mä heiansdo awer. Et war net ëmmer witzeg hei, mä heiansdo awer. Ech soen Iech op alle Fall Villmools Merci, dass der déi Seance haut esou laang gezunn hutt, datt ech nach wierklech eppes dovunner hunn. Et war mir eng grouss Freed an eng grouss 'Éier dierfen hei ze sinn, dofir Villmools Merci."

Et ass nach net bekannt wien Successeur vun der Corinne Cahen gëtt, awer hier Partei huet fir muer den Owend op eng Pressekonferenz invitéiert an do dierft déi Annonce gemaach ginn.