Recours géint d'Wal vun engem Conseiller

© RTL
Nieft vill Gemëschels ëm d'Interpretatioun vum Wielerwëllen an d'Koalitioune gëtt et och Gespréich an der neier Proporz-Gemeng Beefort.
D'Walen hunn do wuel eng kloer Sprooch geschwat an d'Lëscht vum Buergermeeschter Camille Hoffmann krut mat bal 60% 7 Sëtz, mä et gëtt awer Gedäisch. E Recours läit vir géint den Éischtgewielte vun der "Biergerlëscht Beefort/Déiljen/Grondhaff".
Mä der Rei no. Et ass sécher wuel alt Usus, datt sech de Kapp zerbrach gëtt, wéi een eng Majoritéit fir eng Ekipp am Gemengerot beienee kritt oder wéi eng Koalitioun ee soll agoen, mee zu Beefort hunn déi 11 Kandidate vun der Lëscht "Är Lett" ëm de Buergermeeschter Camille Hoffmann e Recours géint d'Wal vum Éischtgewielte vun der Konkurrenzlëscht gemaach.
Dës Pièce un d'Verwaltungsgeriicht läit RTL vir an ass op den 13. Juni datéiert. Deemno geet et ëm den Dario Ballanti, dee mat 836 Stëmmen e ganz gudde Score gemaach huet a sech domat am globale Ranking vun den 11 gewielte Beeforter Conseilleren direkt tëscht dem Buergermeeschter an dem Schäffe vu bis ewell Emile Wies klasséiert.
De Recours schwätzt dervun, datt den Här Ballanti seng "résidence habituelle" net an der Beeforter Gemeng huet. Effektiv heescht et am Artikel 10 vum Walgesetz:
Le domicile électoral du citoyen est au lieu de sa résidence habituelle, c’est-à-dire où il habite d’ordinaire.
En cas de changement de domicile, le transfert du droit de vote dans la nouvelle commune est obligatoire.
Dat ass also kloer an do gesinn d'Signatairë vum Recours, wéi gesot nieft dem Buergermeeschter all 10 Kandidate vu senger Lëscht, e grousse Probleem, dee se wëlle gekläert gesinn.
Interessant bleift lo ze gesinn, wéi eng Suitten dëse Recours kritt - souwuel um Plang vum Verwaltungsgeriicht, grad wéi och am Inneministère.
Op RTL-Nofro heescht et aus dem Ministère vum Taina Bofferding, datt hinnen de Fall "Ballanti" an d'Fro ëm de Wunnsëtz bekannt ass an datt een amgaange wier, dat Ganzt geneest ze analyséieren. Weider Aussoe kéinten awer net gemaach ginn, et geet ëmmerhin ëm d'Konformitéit vun engem gewielte Conseiller mat souguer der Méiglechkeet vun Neiwalen.
Och wien d'Beeforter Gemeng wäert leeden, ass nach net definitiv kloer: Dëst kéint duerchaus nees de Camille Hoffmann sinn, ma de Schäffe Jean-Luc Nosbusch huet eng 30 Stëmme méi. Beefort huet dës Kéier fir d'éischt nom Proporzsystem gewielt, d'Konsequenze bloufen net aus.