Decisioun zu Clierf ass gefall
Georges Keipes gëtt neie Buergermeeschter

© Archiv
Zu Clierf forméieren d'Biergerlëscht an d'CSV eng Koalitioun. Den Nach-Buergermeeschter an Deputéierten Emile Eicher gëtt 1. Schäffen.
Zu Clierf heescht den neie Buergermeeschter Georges Keipes vun der Biergerlëscht. 1. Schäffe gëtt den Ex-CSV-Deputé-Maire Emile Eicher, 2. Schäffen den Georges Glod vun der Biergerlëscht. D‘CSV hat jo zu Clierf e Sonndeg iwwer 12 Prozentpunkte verluer an d‘Biergerlëscht hat der iwwer 16 gewonnen. D‘Biergerlëscht hat doropshi Sondéierungsgespréicher souwuel mat der CSV, wéi och mat der DP gefouert. De Choix ass de Moien op eng comfortabel Majoritéit mat der CSV gefall. Zesummen huet ee vun 7 vun am ganzen 11 Sëtz am Gemengerot.
Am meeschte gelies