Piraten zefridde mam Ausgang vun de Gemengewalen
Um Dënschdeg huet d’Piratepartei de Bilan vun de Gemengewale gezunn an en éischten Ausbléck op d’Chamberwale gemaach.
D’Partei weist sech zefridde mam Ausgang vun de Gemengewalen. 2017 hu se mat dräi Conseillere gestart a sinn elo bei 19 Leit, déi a Gemengeréit vertruede sinn. Mam Mandy Arendt zu Colmer-Bierg kënne se déi éischt Buergermeeschtesch stellen a mam Kim Müller ee Schäffen zu Ell. De Slogan "Gerecht Léisunge fir haut a muer" wëlle se dann och fir d’Chamberwalen iwwerhuelen an deementspriechend och verschidde Programmpunkten.
Um nationale Kongress Enn August soll de Walprogramm stoen. Éischt Themen, déi een ugoe wëll, stinn awer scho fest. Den nationale Spëtzekandidat Sven Clement:
"Ech mengen déi traditionell Themen, déi och schonn 2017 an 2018 an de Walprogrammer stoungen, do schwätze mer natierlech vum abordabele Wunnraum a vun der Sécherheet. Mir schwätze weiderhi vu gerechte Léisunge fir haut a muer. Gerecht Léisunge kënne fir eis vun deenen zwou Säite vum politesche Spektrum kommen, déi awer pragmatesch musse funktionéiere fir déi meescht Leit an net nëmmen ideologesch dohinner gestallt ginn."
Et wéilt een eng Partei si fir jiddereen, dat heescht fir all Bevëlkerungsschicht, Geschlecht an Alter.
An deenen nächste Woche ginn dann an de verschiddene Bezierkskongresser d’Kandidatelëschte presentéiert. Rezent Sondagen hätten e positiven Trend gewisen, dee sech an de Gemengewalen och bestätegt hätt. Deementspriechend héich sinn och d’Ambitioune gesat fir d’Chamberwalen:
"D'Zil ass mengen ech fir all Parteien dat nämmlecht. Mir wëllen e méiglechst grousst Stéck vum Kuch ofkréien. E grousst Stéck vum Kuch heescht natierlech Sëtz an der Chamber. An domat entweder Afloss op d’Programmatik, déi an deenen nächste Joren diskutéiert gëtt oder eventuell op eng Regierungsbildung. Fir eis ass ganz kloer: Politik wëll gestalten, mee och wann de Wieler seet, d’Piraten et ass nach net fir elo, da freeë mer eis drop konstruktiv Oppositiounsaarbecht ze maachen, dat awer hoffentlech mat enger méi grousser Ekipp, an do ass d’Zil kloer Fraktiounsstäerkt ze kréien."
Et géing een den Discours mat alle Parteie sichen, eenzeg d’ADR an déi Lénk géingen als Partner net a Fro kommen. Et misst awer personell a programmatesch passen, et wéilt een net einfach e Fortféiere vun der aktueller Regierung ënnerstëtzen.