An der Chamber gouf den Dënschdeg de Mëtteg déi nei Deputéiert Barbara Agostino vun der DP vereedegt.

Si réckelt fir de Max Hahn no, dee jo bis zu de Chamberwalen de Familljeministère iwwerhëlt, well déi fréier Ministesch Corinne Cahen demissionéiert huet, fir sech am Stater Gemengerot ze engagéieren.

An hirer Ried huet si betount, dass si sech besonnesch fir d'Chancëgläichheet bei de Kanner, esou wéi fir bezuelbare Logement, wëll asetzen. Als Member vun der Logementskommissioun wëll si deen Dossier genee suivéieren. Ënnert anerem wäert sech d'Barbara Agostino och an der Ëmweltkommissioun engagéieren.

D'DP-Politikerin war bei de leschte Chamberwalen am Joer 2018 déi 7.-Gewielten am Bezierk Süden an éischtgewielte Fra. An der Chamber huet si och op hir éischt politesch Schrëtt zeréckgekuckt. Als jonk Fra hätt si nach geduecht, dass Politik éischter eppes fir Männer wier. Si huet sech an der Partei Déi Gréng engagéiert, dann awer gemierkt, dass d'Iddie vun der DP awer besser géinge bei si passen, esou d'Barbara Agostino, wat an der Chamber fir gutt Stëmmung ënnert den Deputéierte gesuergt huet.

Bei de Gemengewalen dëst Joer ass d'Barbara Agostino zu Péiteng mat 1.007 Stëmmen an de Gemengerot gewielt ginn. Si wier besonnesch houfreg, dass hir Partei duebel esou vill Stëmme krut wéi nach bei de viregte Gemengewalen.