Eeler Leit solle sech aschreiwen, Kritik vum Mouvement Ecologique
Et riskéiert e waarme Summer ze ginn. Leit iwwer 75 Joer, déi eleng liewen, solle sech beim Plan canicule aschreiwen. Esou den Opruff vun der Santé.
Bis an den Hierscht era misst een dëst Joer d'Temperaturen am A behalen, dat sot de Santésdirekter Dr Jean-Claude Schmit en Dënschdeg bei der Presentatioun vum Plan Canicule. Eng Rei klimatologesch Phenomener wéi den El Nino, awer och erhéichte Waassertempertauren am Nordatlantik géifen op méiglech Hëtztwellen hindeiten.
Aktuell si mer an der éischter Phas vum Plan Canicule, d'Virbereedungsphas. Bedeit, datt d'Santé d'Temperaturen am Bléck huet an am Austausch mat Fleegedénschter a Croix-Rouge ass. Vulnerabel Persounen, virop eeler Leit iwwer 75 Joer, déi eleng liewen, goufe kontaktéiert, fir sech beim Plan Canicule anzeschreiwen. Bei enger Hëtztwell, wann de Plan Canicule ausgeruff ass, geet de Service visite hydratation da reegelméisseg no dëse Mënsche kucken.
"Eeler Leit deshydratéiere méi schnell, hunn och Tendenz manner ze drénken. Dat ass en natierleche Phenomen. Dofir ass dat en Haaptschwéierpunkt, fir u si erunzekommen", erkläert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
Aschreiwung, Informatiounen a Kontakter
18.000 Persoune goufe perséinlech ugeschriwwen, d'Gemenge géifen och hëllefen, vulnerabel Persounen ze detektéieren. Doriwwer eraus ass et den Opruff un d'Ëmfeld, no Ofsprooch mat de Betraffenen, si anzeschreiwen. Dat kann een iwwer Telefon bei der Croix-Rouge um 2755 maachen oder awer online.
Leit, déi soss gären Informatiounen iwwer d'Canicule hätten, kënne sech bei der Helpline vun der Santé um 247 – 65533 mellen.
Etablissementer an Organisateure vun Evenementer, déi spezifesch Informatioune brauche, kënnen d'Inspection sanitaire um 247 – 85653 kontaktéieren.
Aner Krittäre fir Plan Canicule wéi fir "alerte rouge" vu Meteolux
Déi zweet Phas ass den "Avis de grande chaleur". D'Temperature leien da bei 33-35 Grad. D'Preventiounsmesurë gi rappelléiert. An der drëtter Phas gëtt de Plan Canicule vun der Santésdirektioun ausgeruff. Dat an enger Period, wou d'Temperaturen iwwer 35 Grad klammen an nuets net ënner 23 Grad falen. D'Krittäre sinn anerer wéi bei enger Alerte rouge vu Meteolux, erkläert den Direkter vun der Santé Dr Jean-Claude Schmit.
"D'Fro, déi sech fir eis stellt, ass, ginn d'Temperaturen nuets erof, sinn d'Nuechte kill? Dat ass wichteg fir d'Leit, datt si kënne recuperéieren. Aner Parameteren: wat sinn d'Previsiounen: wéi laang dauert d'Hëtztwell? An dann eng Rei sanitär Indicateuren, zum Beispill: wat ass an den Urgencë lass? Gëtt de CGDIS méi wéinst der Hëtzt geruff?"
Et sollt een an dëser Phas Uecht ginn, datt Puppelcher an aner vulnerabel Mënsche genuch drénken a virun der Hëtzt geschützt sinn. Am Dag d'Rolllueden erofloossen an nuets lëften. Gläichzäiteg wier et nëtzlech, d'App "Meng Loft" erofzelueden, fir d'Ozonwäerter am Bléck ze halen. Besonnesch Leit mat Kreeslafproblemer a Longenerkrankunge sollten deen Ament grouss Efforte vermeiden.
De Gesondheetsministère ass gefuerdert...e "Plan canicule" geet net méi duer!
De Mouvement Ecologique reagéiert op de Plang, deen d’Santé en Dënschdeg virgestallt huet, wann d'Temperaturen och dëse Summer nees riskéieren, iwwer 30 Grad ze klammen.
Et wär richteg a wichteg, datt de Ministère konkret Offere mécht, wéi speziell eeler Leit mat deenen Temperature sollen ëmgoen, mä dat géif awer alles net duer goen.
De Gesondheetsministère misst vill méi eng aktiv Roll iwwerhuelen a méi offensiv derfir suergen, datt d'Uertschaften ofgekillt ginn. Méi gréng Dierfer a Stied a méi Entsigelung wär néideg.