Nodeems dat neit Gesetz iwwert de privaten Ubau a Konsum vu Cannabis e Mëttwoch gestëmmt gouf, hu mir eng Partie Froe vun eise Lieser erausgepickt.

Wat gëtt mam neie Gesetz erlaabt?

Bis ewell ass den Ubau vun Cannabis doheem verbueden, ma soubal dat neit Gesetz am Juli am Memorial publizéiert gëtt, dierfen Erwuessener pro Stot bis zu véier weiblech Cannabisplanze grouss zéien.

Opgepasst:

  • Et muss een op d’mannst 18 Joer hunn
  • Et dierfe maximal véier Planze pro Stot ugebaut ginn, net pro Persoun
  • D’Planze musse selwer aus Geseems oder Som geziicht ginn

Donieft ginn d'Strofe fir de Besëtz vu klenge Quantitéiten erof. De Konsum an der Ëffentlechkeet bleift verbueden. Gëtt ee mat manner wéi 3 Gramm op sech erwëscht, ass eng Amende vun 145 Euro méiglech. Driwwer geet et bei de Parquet.

Wou kann ech Som kafen ? A wéi eng Norme mussen agehale ginn ?

Bis d'Gesetz a Kraaft trëtt, ass de Kaf vu Som vu Cannabisplanzen, déi Bléie mat engem Wäert vun iwwer 0,3 Prozent THC entwéckelen, aktuell zu Lëtzebuerg net erlaabt. Esoubal d’Gesetz a Kraaft ass, kann d’Geseems um Internet bestallt ginn. An enger zweeter Etapp ass och eng Produktiouns- an Handelsketten zu Lëtzebuerg geplangt.

Nieft enger EU-Direktiv, déi den Import vu Kären aus Drëttstaate reegelt, mussen op den Etikette vum Som de Produzent, d'Unzuel u Kären an eng Gesondheetswarnung ugi ginn. A Länner wéi Holland, Spuenien an Éisträich ka schonn zanter Jore Som kaf ginn. Hei fënnt ee sëllegen Internetsitten, op deenen ee Som ze kafe kritt, deen den EU-Normen entsprécht.

Wou dierf ech uplanzen ?

D'Planzen dierfen doheem oder dem gewéinleche Wunnsëtz vun enger groussjäreger Persoun, déi Deel vum Stot ass, ugebaut ginn. Dëst kann am Gaart oder dobanne sinn. D'Planzen dierfen awer net fir d'Ëffentlechkeet siichtbar sinn.

Dierf ech am Fräien ubauen ?

Den Ubau am Fräien ass op déi Fläche limitéiert, déi direkt un de Wunnsëtz ugrenzen. Esou dierf een zum Beispill am eegene Gaart, wann deen net fir de Public ze gesinn ass, Cannabis ubauen, ma awer net an engem Gemeinschaftsgaart. Nieft dem Aspekt vun der Ëmweltfrëndlechkeet, ass den Ubau an der Natur och méi bëlleg, ewéi mat speziellem Material fir d’Planze banne wuessen ze loossen.

Wéi bauen ech un?

De Som fir Cannabisplanze muss fir d’éischt keimen, éier e kann ageplanzt ginn. Dëst funktionéiert d’selwecht wéi bei anere Planzen. De Som tëscht fiicht Pabeiersdicher leeën an ëmmer rëm befiichten, bis en eng kleng Wuerzel entwéckelt huet. Nodeems de Keimling an en Dëppe geplanzt gouf, brauch e vill Luucht, dierf awer net op ee Coup ze vill Sonn ofkréien. Dofir kann d’Planz op e Fënsterbriet oder ënnert eng speziell Luucht gestallt ginn. Huet de Schoss eng véier bis fënnef Blieder entwéckelt, muss en ëmgedëppt ginn. D’Planz kann dofir an de Gaart oder an en Dëppe fir d’Zuucht gesat ginn.

Wéi fir all Planz ginn et déi bescht Konditiounen, fir ze wuessen, dobaussen an der Natur. Am Fräien huet d’Cannabisplanz een natierlechen Ubauzyklus pro Joer, well d’Planzen am Beschte bei Hëtzt wuessen. Wann d’Deeg méi kuerz ginn, gëtt d’Bléi ausgeléist. Dann dauert et eng 8 bis 12 Wochen, bis recoltéiert ka ginn. Dee Moment ass et schonn Hierscht an den Ubau vun neie Planzen eréischt erëm am nächste Fréijoer méiglech. Fir den Ubau vu Cannabisplanzen am Haus ass een zwar op speziellt Material wéi fir d’Beliichtung, d’Belëftung an deels och d’Bewässerung ugewisen. Ma domat loosse sech déi natierlech Konditiounen an engem optimale Klima imitéieren. Esou kann d’Entwécklung vun der Planz esou gesteiert ginn, datt e puer Recolten d’Joer méiglech sinn. Den Ubau am Haus ass allerdéngs grondsätzlech opwenneg, well d’Planzen dauernd versuergt muss ginn.

Wéini gëtt d'Recolte erageholl?

Wéi vill Bléien eng Planz entwéckelt, hänkt nieft der Zort och vum Wuesstem of. Op natierlech Aart a Weis wuessen d’Planzen an d’Héicht, wëll een awer méi Bléien entwéckelen, sollt d’Planz reegelméisseg gekierzt ginn, esou datt se an d’Breet an net an d’Héicht wiisst.

No der Recolte mussen d’Bléie bei enger Loftfiichtegkeet vu ronn 60 Prozent fir eng bis zwou Woche gedréchent ginn. Dono sollt de Cannabis nach ronn ee Mount an Amaachglieser räifen. Och hei ginn et speziell Utillen, wéi e Këssen, dat d’Loftfiichtegkeet regléiert.

Gëtt de Cannabis mat senge Wierkunge verherrlecht?

Grad ewéi bei all Droge bestinn och beim Konsum vu Cannabis Risike fir d'Gesondheet. Eenzeg Méiglechkeet dësen aus dem Wee ze goen, ass net ze consomméieren. Mam neie Gesetz soll de Cannabis net banaliséiert ginn. Et soll ee Wee geschaf ginn, fir op nationalem Niveau besser mat engem gesellschaftleche Problem ëmzegoen an déi potentiell Risiken a Schied ze reduzéieren. Virun allem um Schwaarzmaart sinn d'Konsumente verstäerkte Gesondheetsrisiken ausgesat. Mat der legaler Méiglechkeet, fir säin eegene Cannabis uplanzen ze dierfen, soll de Konsument d'Qualitéit besser kontrolléiere kënnen.

De Gesondheets- a Justizministère hunn am Kader vum Konzept fir de "Pilotprojet fir de legalen Accès zu Cannabis fir net medezinesch Zwecker" huet op hirem Site all Informatioune ronderëm d'Konzept zur Verfügung gestallt an eng ganz Partie Äntwerten op gängeg Froen zum Thema Cannabis publizéiert.