Zu Beefort gëtt den 8. Oktober nei gewielt

© RTL
No engem Recours géint ee vun de Kandidaten zu Beefort huet d'Cour administrative en Dënschdeg de Moien tranchéiert, datt et Neiwale ginn.
De Riichter no gëtt d'Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni annuléiert, well ee Kandidat dem Artikel 192 aus dem Walgesetz no net eligibel war.
Wéinst dësem Verstouss hätten de Riichter no déi 836 Stëmmen, déi den Dario Ballanti an der neier Proporzgemeng krut, u sech op déi aner Kandidaten hätte misse verdeelt ginn.
Dësen Arrêt huet d'Cour en Dënschdeg de Moie geholl, nodeems déi 11 Kandidate vum Buergermeeschter Camille Hoffmann senger Lëscht "Är Lett", eng Wielerin an den Inneministère dräi Recoursen eragereecht haten. Et ass elo um Inneministère, fir en Datum fir d'Neiwalen an der Ostgemeng ze fixéieren.
Dem Verdikt vun en Dënschdeg no hat den Dario Ballanti - Kandidat vun der "Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff" - d'Wunnsëtz-Klausel aus dem Walgesetz net respektéiert.
Zum Zäitpunkt vum Depot vu senger Kandidatur den 12. Abrëll hat de Mann net zënter op d’mannst sechs Méint seng "Résidence habituelle" zu Beefort.
Trotzdeem hat sech den Dario Ballanti bei de Walen den 11. Juni mat enger Ekipp als Géigelëscht zum Buergermeeschter presentéiert.
Kuerz nom Walsonndeg hat de gewielte Conseiller awer aus fräie Stécker säi Mandat am Beeforter Conseil renoncéiert, dat den Dario Ballanti un déi Fënneftgewielt Anne Kohl ofgetrueden huet.
Den Dario Ballanti hat sech deemools par Rapport RTL zu Wuert gemellt a vun Interessekonflikter, Nepotissem a Mobbing zu Beefort geschwat.
Lo ass nees politesch Alles op an der Beeforter Gemeng an d'Wieler kënnen op en Neits tranchéieren, wiem si hir Stëmm ginn.
Wéi RTL vum Inneministère confirméiert krut, sinn d'Neiwalen op sonndes den 8. Oktober parallel zu de Chamberwale fixéiert.