Den 8. Oktober mussen d'Bierger zu Beefort een neie Gemengerot bestëmmen. Ënnert anerem d'Biergerlëscht "Är Lett" hat Recours ageluecht.

Den 8. Oktober ginn d'Leit zu Beefort wielen. Dat ass op deen éischte Bléck net iwwerraschend, ëmmerhi sinn deen Dag am ganze Grand-Duché Chamberwalen. Ma an der Ostgemeng sinn d'Bierger nom 11. Juni zudeem schonn nees opgeruff, een neie Conseil ze bestëmmen. D'Cour administrative huet d'Resultat vum leschte Mount gekippt, nodeems e puer Recourse wéinst dem Wunnuert vun engem Kandidat agereecht goufen. Ma wie vun där neier Ausgangslag profitéiere wäert, ass nach onkloer.

Neiwalen zu Beefort: Schlaue Schachzuch oder Selbstgol?

Ee vun de Recourse war vun der Biergerlëscht "Är Lett", ronderëm de laangjärege Buergermeeschter Camille Hoffmann, eragereecht ginn. Si hate kontestéiert, datt den Dario Ballanti vun der "Biergerlëscht Beefort, Déiljen, Grondhaff" wierklech an der Gemeng wunne géing. Datt d'Geriicht hinne Recht ginn huet, suergt awer just zum Deel fir Zefriddenheet. Et wollt een nämlech just, datt déi 836 Stëmmen, déi den Dario Ballanti krut, fir ongülteg erkläert géinge ginn. D'Neiwale wieren op ee Recours vum Interieur zeréckzeféieren. Wat den Ausgank ugeet, schätzt de Camille Hoffmann deen als oppen an.

"Wat dann dobaussen d'Resultat ass, dat mussen d'Leit aus dem Duerf entscheeden. Ob si mat där Non-confirmité zum Gesetz vun deem enge Kandidat eis ofstrofen, well mir Recours ageluecht hunn oder mengen, mir hätten dat sollen duerchwénken. Dat ass eng Entscheedung, déi de Bierger dobausse muss huelen, a senger eegener Responsabilitéit."

Well d'Neiwale schonn den 8. Oktober ofgehale ginn, wäert den Dario Ballanti sécher net deelhuelen. Hien ass nämlech réischt zanter dem 2. Mee rëm zu Beefort ugemellt, dem Gesetz no muss een awer op d'mannst 6 Méint am Stéck an där Gemeng gewunnt hunn, an där ee kandidéiert. Ma trotzdeem gesäit hie gutt Chance fir seng Ekipp.

"Mat den Neiwalen, mol ofwaarden. Ech mengen, ob d'Lett sech domat selwer ee Gefale gemaach hunn, weess ech net. Wa mir d'Méiglechkeet kréien, dat musse mer nach ofwaarden, mee wa mir d'Méiglechkeet kréien, eis Lëscht opzebauen op 11 Leit, och ouni mech, denken ech, datt mer bei deenen nächste Walen eng gutt Chance hunn, nach besser ofzeschneide wéi déi lescht."

Den 11. Juni hat d'Lëscht "Är Lett" 59,8 Prozent vun de Stëmmen an domat 7 vun 11 Sëtz erreecht. Ma trotz dëser Majoritéit hate si Recours géint d'Resultat vum insgesamt Drëttgewielten Dario Ballanti agereecht. Wien e bëssi mat deene Bedeelegte schwätzt, kritt zimmlech séier den Androck, datt och perséinlech Grënn bei dëser Entscheedung eng Roll gespillt hunn. Beefort ass dëst Joer vum Majorz- an de Proporzsystem gewiesselt, well d'Zuel vun 3.500 Awunner iwwerschratt gouf.