Déi Lénk OstenLaurent Fisch an Adela Fuentes si Spëtzekandidaten

RTL Lëtzebuerg
Déi Lénk hunn e Freideg hir Kandidate-Lëscht fir de Walbezierk Oste presentéiert.
© Steve Ginepri

Op der Lëscht sinn den Affekot Laurent Fisch, deen och Gemengeconseiller zu Bech ass, d’Enseignante Adela Fuentes vun Altwis, de Soziolog Paul Estgen vu Jonglënster, d’Staatsbeamtin Linda Kersch vu Miesdref, de Willy Noesen Coordinateur à l’intégration vu Guedber, de Fonctionnaire Sergio Prado vu Gréiwemaacher an d’Studentin Marina Thill vun Altwis.

D’Altersmoyenne läit bei 43,6 Joer, d’Geschlechteropdeelung läit bei 3 Fraen a 4 Männer.

Back to Top
CIM LOGO