Ee kloert MusterAn der Groussregioun gi reegelméisseg Bankomater gesprengt

Marc Hoscheid
Virun enger Woch gouf zu Bollendorf direkt hannert der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz ee Bankomat gesprengt. Och am Grand-Duché kënnt dat dacks vir.
© RTL-Reporter

An der Nuecht vum 4. op de 5. Juni hat et zu Bollendorf an Däitschland geknuppt. Onbekannten Täter haten ee Bankomat vun der “Volksbank” an enger Filial gesprengt a sech dono duerch d’Bascht gemaach. Dat mat engem Auto mat Lëtzebuerger Placken, héchstwarscheinlech ee schwaarzen Audi. Déi zoustänneg Police vu Bitburg huet allerdéngs op Nofro hin erkläert, datt d’Täter net onbedéngt aus dem Grand-Duché komme mussen. Dacks géingen d’Placken respektiv d’Gefierer am Virfeld geklaut. Réischt ee Mount virdru war zu Iechternach-Bréck zu engem änlechen Incident komm. Hei war ee Bankomat vun der “Kreissparkasse” op engem Parking vun engem Supermarché viséiert. Deemools hat d’Police just vun engem “héich motoriséiertem Gefier” geschwat.

© Kevin Kayser

Ma och zu Lëtzebuerg selwer ass et an deene leschte Jore reegelméisseg zu Sprengunge vu Bankomater komm.

  1. 2018: Post Nidderaanwen
  2. 2018: Bil Heischent
  3. 2018: BGL Housen
  4. 2019: BCEE Wëntger
  5. 2019: CRR Réimech
  6. 2019: Post Miersch
  7. 2020: CRR Wäiswampech
  8. 2020: BIL Grevenmacher
  9. 2020: BGL Pommerlach
  10. 2020: CRR Wuermer
  11. 2021: CRR Wëntger
  12. 2021: Post Nidderkäerjeng
  13. 2022: BGL BNP Nidderkäerjeng
  14. 2022: Post Esch-Sauer

Datt et hei am Land relativ vill esou Attacke ginn, läit och drun, datt et vergläichsweis vill Bankomater um Territoire vum Grand-Duché ginn. Am Joer 2022 waren et der ëmmerhin 107 op 100.000 Awunner. An den aneren Euro-Länner louch dee Chiffer bei just ronn 64 Bankomater op 100.000 Leit.

De Modus Operandi vun den Täter ass iwwerdeems ëmmer dee selwechten. Et gëtt ee Gas-Gemësch an de Bankomat gepompelt an e puer Minutte méi spéit elektresch detonéiere gelooss. Dat ass och an anere Länner de Fall, do ginn och deelweis aner Methode benotzt, beispillsweis de sougenannte Ram-In oder Ram-Out. Nieft Lëtzebuerg sinn och Däitschland an Holland stark vun esou Attacke betraff. De Groussdeel vun den Täter soll aus Holland, virun allem dem Raum ronderëm Utrecht, kommen an ee marokkaneschen Hannergrond hunn.

Op Nofro bei der Bankenassociatioun ABBL, wéi een op déi dauernd Attacke reagéiert, ass et d’Äntwert, datt d’Banken eng nei Risikoanalyse an eng nei Klassifikatioun vun hire Sitten duerchgefouert hunn, fir erauszefanne wéi eng am meeschten exposéiert sinn. Verschiddener vun deen Sitte wieren dann och als Konsequenz zougemaach ginn. Aner Plaze wieren elo tëscht 22 Auer owes a 6 Auer moies net méi accessibel. Doriwwer eraus hunn d’Banken bei deenen Automater, déi dat bis dohin nach net haten, ee System integréiert, deen d’Geldschäiner verfierft. Ausserdeem gouf de Montant u Suen, déi an den exposéierte Maschinne sinn, erofgesat.

Bis elo ass zu Lëtzebuerg nach keng Persoun bei der Sprengung vun engem Bankomat physesch verwonnt. Ma et entstinn awer deels grouss finanziell Schied fir d’Banken. An Däitschland solle fir d’Täter bis zu 300.000 Euro eraussprangen. Derbäi kommen natierlech nach d’Schied un de Gebailechkeete respektiv de Maschinnen.

Back to Top
CIM LOGO