8. Etapp Paris-NiceSchlussvictoire fir de Jonas Vingegaard, Lenny Martinez wënnt déi lescht Etapp

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg war am Vëlo déi 8. a lescht Etapp vu Paris-Nice, bei där fir d'Coureure ronn 129 Kilometer ronderëm Nice um Programm stoungen.
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT / AFP

Ronn 20 Kilometer virun der Arrivée hat de Jonas Vingegaard no enger Acceleratioun just nach de Lenny Martinez hannert sech. Déi zwee Coureure sinn du bis zum Schluss beienee bliwwen an um Enn war et de Fransous, dee sech d’Etappevictoire am Sprint séchere konnt. Déi 3. Plaz war fir de Kolumbianer Harold Tejada, hien hat ee Retard vu 7 Sekonnen.

D’Schlussvictoire vun der 84. Editioun geet domat wéi erwaart un de Jonas Vingegaard, dee virun dëser leschter Etapp schonn eng Avance vun iwwer 3 Minutten hat. Déi 2. Plaz ass trotz enger Chute op dëser leschter Etapp un de Kolumbianer Daniel Felipe Martinez gaangen (+4:23 Minutten), Plaz 3 ass fir den Däitsche Georg Steinhauser (+6:07 Minutten).

Den Alex Kirsch war fir déi lescht Etapp net un den Depart gaangen. Den Arthur Kluckers ass mat engem Retard vun 11 Minutten an 42 Sekonnen op déi 50. Plaz komm. Am General ass hien op déi 72. Plaz gesprongen, dat mat engem Retard vu ronn enger Stonn a 15 Minutten.

Resumé vun der Course

D’Arrivée war dës Kéier net wéi traditionell op der Promenade des Anglais, mee nieft dem Futtballstadion vun OGC Nice. E Sonndeg ass a Frankräich nämlech déi 1. Ronn vun de Gemengewalen, soudass een den Accès zu de Walbüroen facilitéiere wollt.

Eng 80 Kilometer virun der Arrivée, um Wee fir op de Col de la Porte, huet de Valentin Paret-Peintre sech eleng vum Peloton ofgesat. De Marc Soler war dem Fransous als eenzegen nogaangen, hie krut en awer net méi ageholl a war dunn och eleng ënnerwee. Als 3. ass de Maillot Jaune Jonas Vingegaard iwwer de Col de la Porte gefuer.

No deem Col gouf den Tempo am Peloton ugezunn a 55 Kilometer viru Schluss gouf de Soler agefaangen. Kuerz drop gouf et eng Chute vum Daniel Felipe Martinez, dem Zweetplacéierten am General, deen domat annerhallef Minutt op de Peloton mam Maillot Jaune verluer huet.

Laang konnt de Paret-Peintre sech nach mat enger knapper Avance eleng un der Spëtzt halen, 25 Kilometer viru Schluss gouf och hien du vum Peloton agefaangen, deen elo just nach aus ronn 15 Coureure bestoung.

E puer Kilometer drop huet de Vingegaard d’Konkurrenz mat enger Attack op der Côte du Linguador distanzéiert a just de Fransous Lenny Martinez konnt nach um Dän sengem hënneschte Rad bleiwen. Déi zwee Coureuren konnte sech séier eng däitlech Avance erausfueren an hunn d’Etappevictoire um Enn am Sprint ënnereneen ausgemaach, och wann d’Verfollger nach eemol op e puer Sekonnen erukomm sinn.

Top 10 vun der Etapp

1 Martinez Lenny Bahrain - Victorious 3:06:43
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike ,,
3 Tejada Harold XDS Astana Team 0:07
4 Vauquelin Kévin INEOS Grenadiers ,,
5 Baudin Alex EF Education - EasyPost ,,
6 Steinhauser Georg EF Education - EasyPost ,,
7 Izagirre Ion Cofidis ,,
8 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team ,,
9 Vinokurov Nicolas XDS Astana Team 0:44
10 Soler Marc UAE Team Emirates - XRG ,,
...
50 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 11:42

Generalklassement

1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 22:18:38
2 Martínez Daniel Felipe Red Bull - BORA - hansgrohe 3:22
3 Steinhauser Georg EF Education - EasyPost 5:50
4 Vauquelin Kévin INEOS Grenadiers 6:09
5 Martinez Lenny Bahrain - Victorious 7:37
6 Soler Marc UAE Team Emirates - XRG 8:15
7 Izagirre Ion Cofidis 9:02
8 Rondel Mathys Tudor Pro Cycling Team 10:06
9 Baudin Alex EF Education - EasyPost 10:16
10 Tejada Harold XDS Astana Team 11:27
...
72 Kluckers Arthur Tudor Pro Cycling Team 1:15:14

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO