Et ass en éiwegt Suergekand: De Logement. An der Chamber gouf et eng iwwert de Rapport vum Spezialfong fir de Logement.

Den zoustännege grénge Minister Henri Kox huet ënnerstrach, datt de Problem net vun haut op muer geléist kéint ginn, mee een trotzdeem vun engem Paradigmewiessel schwätze kéint:
 
Datt mer iwwert d'Parteigrenzen ewech hei den ëffentleche Wunnengsbau no vir brénge mussen. An et si vill Intentiounen an de Schäfferotserklärungen ze liesen, dofir sinn ech mer sécher, datt mer e Stéck weider kommen.

Den Henri Kox

 
Et hätt een ënnert anerem erkannt, datt ee besser Statistike brauch, wat mam LISER awer och méiglech wier, fir ze gesinn, wéi vill Fongen een nach huet fir ze bebauen, wéi vill Leit eng Demande fir eng Wunneng maachen a wéi vill Wunnenge mer iwwerhaapt am Land hunn. Bis ewell hätt ee keng genee Zuele gehat, mee et misst een och bedenken, datt e Bauprojet vu ville Facteuren ofhänkt a genee Chifferen dofir net ëmmer evident wieren, huet den Henri Kox nach betount.