Ënnerwee mat engem Benevolle vun Amnesty
Mir hu mat Aktiviste geschwat, déi selwer eng Kéier Hëllef gebraucht hunn a sech haut fir Leit asetzen, déi onschëlleg a schwiereg Situatioune geroden.
Hëllefe wou et néideg ass. Op eege Fauscht gesinn, wou de Schong dréckt an d'Welt e Stéck besser maachen. Leschte Weekend zu Esch hu sech eng 3.000 Leit versammelt, fir um Equality March matzegoen. Et geet ëm d’Rechter vun der "LGBTIQ+"-Communautéit. Vill queer Leit sinn Diskriminatiounen an Hate Speach am Alldag ausgesat. Dofir ass et villen, mat deene mir geschwat hunn, wichteg, sech op esou enger Marsch ze manifestéieren: "Esou wëssen d’Leit, dass et eis gëtt, virun allem déi, déi net wierklech vill doriwwer wëssen, gesinn, dass et verschidden Identitéite ginn."
Firwat engagéiere si sech? Kann een iwwerhaapt an deem klenge Lëtzebuerg en Impakt hunn. A wéi gesäit Aktivismus an der Praxis aus? Mir hunn eng benevole Aktivistin begleet.
D'Benevolle bei Amnesty International Luxemburg

D’Iria ass eng vu 400 Benevollen, déi Amnesty zu Lëtzebuerg geréiert. Si huet sech virdrun och schonn an England engagéiert, zanter der Pandemie elo och zu Lëtzebuerg. Ënner anerem koordinéiert si d’Studentegrupp um Belval, dat bedeit ënner anerem, Petitioune starten. Si huet sech scho fir vill verschidde Saachen, déi hir um Häerze leien, engagéiert: "Mir haten zum Beispill viru Kuerzem eppes fir d’Zivilsten an der Ukrain, mir hunn och grad eng Campagne, déi d’Taliban Regierung opfuerdert, de Fraen hir Mënscherechter ze respektéieren a mir haten eng, déi d’Recht op Ofdreiwung an den USA ënnerstëtzt huet, nodeems d’Gesetz geännert gouf."
D'Rosalía Núñez Méndez këmmert sech ëm d’Benevollen. Et gi vill verschidden Aarten, sech ze engagéieren. Et denkt een zwar dacks direkt un Protester oder Petitiounen, mä heiansdo hëllefe Leit och schonn, wann si hëllefe Postkaarten ze designen oder bei administrativen Aarbechten hëllefen.
Ee Beispill ass dat vun der iranescher Aktivistin. D’Yasaman Aryani ass 2019 festgeholl ginn, well si sech an engem Video am Internet fir Fraerechter agesat huet. Si ass doropshin zu 16 Joer Prisong verurteelt ginn. Amnesty International huet Campagnë gestart, fir déi deemools jonk Fra fräizekréien. Och déi Lëtzebuergesch Fraktioun huet vill mobiliséiert. Ënner anerem haten si 2019 e Projet, bei deem dem Yasaman Aryani hire Portrait un eng Mauer an der Stad gemoolt gouf vum Kënschtler Raphael Gindt. A si ass elo och fräikomm. "Et muss ee wëssen, dass Regierunge ganz vill op hir international Reputatioun beduecht sinn. Si sinn also och sensibel op Drock vun anere Länner", esou d’Rosalía Núñez Méndez.

De Fall vum Germain Bukuki
Et geet drëms, engersäits den Autoritéiten Drock an de Leit op der Plaz Courage ze maachen. De Germain Bukuki kënnt aus dem Burundi. Hien huet a sengem Heemechtsland scho vill Mënscherechtsverletzunge materlieft. Hien huet sech ënner anerem dofir engagéiert, Prisonéier ze besichen an dofir ze suergen, dass si besser behandelt ginn. Bis hien 2017 selwer nuets vu Poliziste waakreg gemaach gouf, déi hie matgeholl hunn. Hien ass der Rebellioun ugeklot ginn, ass an de Prisong komm a sollt do och fir 32 Joer bleiwen. Net genuch z'iessen, keng medezinesch Versuergung an aner Mënscherechtsverstéiss huet hien do erlieft. 2021 ass entscheet ginn, nees duerch internationalen Drock, dass hien awer just ee Joer Prisong sollt kréien. Zu deem Ament war hie scho 4 Joer agespaart.
"Ech war net dat éischt Affer am Burundi, dat onverschold agespaart ginn ass. Mä mäi konkrete Fall an all déi Campagnen, déi ronderëm mech lancéiert goufen, hunn dozou gefouert, dass déi Ongerechtegkeet un d’Licht komm ass an och de Justizsystem am Burundi a Fro gestallt gouf", esou de Germain Bukuki, dee mëttlerweil an der Belsch am Exil lieft.

Hëllefen hëlleft
D’Iria huet sech scho fir vill Themen agesat, heiansdo géif Si sech iwwerwältegt fille vun alle schlechten Noriichten, déi een esou héiert. Hir Äntwert dorobber ass den Aktivismus: “Um Enn vum Dag kann een iwwerwältegt sinn an näischt maachen oder du kanns probéieren, eppes dogéint ze maachen. Ech mengen, wann ee probéiert, eppes ze maachen, dann ass et manner schlëmm. Op d’mannst ass een en aktive Part an et fillt ee sech e bësse besser."