Wirtschaft mécht de Leit nees gréisser Suergen

D'Leit hei am Land maache sech Suerge wéinst der wirtschaftlecher Situatioun vum Land an de Logement ass mat déi gréissten Erausfuerderung.
D'Chamber huet d'Etüd POLINDEX 2023 publizéiert, eng éischte Kéier mécht d'Wirtschaft de Leit nees gréisser Suergen.
D'Wunnen hei am Land ass dat, wat d’Politik am meeschte misst ugoen. Paradox wär awer hei, datt eng Majoritéit scho Proprietär wär, sou d'Auteure vun der Etüd.
Dono kommen als politesch Enjeuen déi demographesch an ekonomesch Entwécklung vum Land. Dann d’Inflatioun an d’Kafkraaft.
De Klimawandel, de Krich an der Ukrain an d'politescht Abanne vun den Auslänner schéngen de Wieler an Net-Lëtzebuerger weider wichteg politesch Themen ze sinn.
Eng Majoritéit ass och nach ëmmer fir ee Walbezierk, 54% sinn et. 25% sinn dogéint.
2018 war d'Zoustëmmung fir ee Walbezierk awer vill méi grouss, deemools louch se bei 79%.
Fir d'Etüd POLINDEX goufen 1.058 Wieler a 500 auslännesch Residenten am Juni befrot.
Wien de Courage huet, sech duerch déi gefillt 1.000 Sliden ze klicken.