D'DP an d'CSV fueren an der Stad mat hire Projete virun, mä wëlle méi op Klima- an Ëmweltschutz setzen.

Den neien-alen DP-CSV-Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg huet e Méindeg seng Schäfferotserklärung presentéiert. Ouni Iwwerraschung wier d'Prioritéit, d'Liewensqualitéit z’erhalen, déi dem Schäfferot no aktuell gutt wier. Bësse méi iwwerraschend si fir DP an CSV an der Stad de Klimaschutz an d'Energietransitioun d'Haaptprioritéit fir dat z’erreechen. D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet virum nei gewielte Gemengerot um Knuedler e Méindeg ënnert anerem Ännerungen um allgemenge Bebauungsplang PAG an um Bautereglement ugekënnegt, fir d'energeetesch Transitioun z'erméiglechen. Donieft huet si weider Mesuren a punkto Waasserversuergung an Offallgestioun annoncéiert, sou wéi d'energeetesch Sanéierung vun den ëffentleche Gebaier. Zil wier et, bis 2050 CO2 neutral ze sinn. D'Stad kéint iwwregens mam aktuelle PAG vun aktuellen 133.000 op 180.000 Leit wuessen. 68% vum Territoire an der Stad ass Gréng an dat wéilt een erhalen, sou d'Lydie Polfer. Dowéinst setzen DP an CSV op méi kompakt a multifunktionell Quartieren. An hirer Erklärung vu bal 2 Stonnen huet d'Lydie Polfer d'grouss Projete genannt, déi virugefouert ginn, ewéi d'Porte de Hollerich, d'Areler Strooss a Stäreplaz oder nach Villeroy&Boch am Rollengergronn. Hei géing den Accent op d'sozial Mixitéit gesat ginn. Zum Beispill géing gekuckt ginn, am Projet op der Stäreplaz méi Plaz fir Studioe fir Jonker ze schafen. D’Buergermeeschtesch huet och eng Analys vun de Prozeduren ugekënnegt, mam Zil, datt se méi séier solle goen.

A punkt Klima spillt jo d’Mobilitéit och eng Roll an hei wier den ëffentlechen Transport den Haaptpilier, sou d’Lydie Polfer. Zesumme mat der Mobilité Douce – also Vëlo oder ze Fouss, sollen déi bis 2035 50% vun den Deplacementer duerstellen. Aktuell sinn et 40%. Den Auto verschwënnt deemno net ganz, weder fir d’Awunner nach d’Pendler. An absolutten Zuele wäerten et méi Deplacementer am Individualverkéier ginn, mä proportional wéi gesot manner. D'Vëlosweeër géingen ausgebaut an optimiséiert ginn, huet si versprach.

D’Lydie Polfer huet och Mesuren am Kampf géint d’Aarmut genannt. Dorënner méi Housing-First-Méiglechkeete fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp. Zu Eech géing och eng nei Struktur geschaaft ginn. Sou wéi d’Regierung et wéilt, wéilt d’Stad Lëtzebuerg bis 2030 kee Sans-abri méi hunn.

Obwuel d’DP an d’CSV am Gemengewalkampf d’Thema Sécherheet vill ugefeiert hunn, ass d’Buergermeeschtesch e Méindeg réischt um Schluss vun der Schäfferotserklärung a relativ kuerz op de Sujet agaangen. Si huet widderholl, d’Stad Lëtzebuerg géing sech op nationalem Niveau weider staark maachen fir eng Gemengepolice. De Platzverweis Light («d’Garantie d’accès») geet hir och net duer, dowéinst huet si e Platzverweis gefuerdert, deen de Beamte eng Méiglechkeet géing ginn, ze handelen, wann géint d’Uerdnung verstouss géing ginn.

An der Schäfferotserklärung sinn och weider Verbesserungen an der Kannerbetreiung oder an de Beräicher Commerce a Kultur virgesinn. Vill Projeten, déi scho wärend dem Walkampf bekannt waren oder goufen, sinn dran erëmzefannen, ewéi déi nei 3 Brécken, respektiv Lifter ewéi déi tëscht Cents, Neiduerf a Weimershaff, déi tëscht dem Lampertsbierg, dem Rollengergronn an dem Bambësch oder nach d’Verbindung vun der Gëlle Fra an dem Péitrussdall.

D’Lydie Polfer huet hir Erklärung esou ofgeschloss: "Mir si voller Energie fir d'Erausfuerderungen vun den nächste 6 Joer unzegoen". A si huet den Erich Kästner zitéiert mam Saz: "Es gibt nichts Gutes ausser man tut es."

No der Sitzung vun e Méindeg ass e Freideg déi nächst. Hei wäerten d’Membere vun der Oppositioun an der Ville de Luxembourg hir Analys vun der Schäfferotserklärung kënne maachen.