Lëtzebuerger Pensiounsfong3,14 Milliarden Euro Perte an awer gutt geschafft

Marc Hoscheid
Rezent huet de Lëtzebuerger Pensiounsfong säi Bilan vum Joer 2022 presentéiert.
© AFP

Aus dem Dokument geet ervir, datt de Fonds de compensation um Enn vum leschte Joer Reserve vu ronn 23,5 Milliarden Euro hat. Dat war een Defizit vun net manner ewéi 3,14 Milliarden Euro par rapport zum Joer virdrun. Ma wann ee mat Experten aus dem Finanzsecteur schwätzt, gesinn dës trotz deem impressionante Montant kee Grond zur Panik.

Lëtzebuerger Pensiounsfong/Reportage Marc Hoscheid

Dat kann een deen éischte Moment iwwerraschen, ëmmerhi stoung 2021 nach ee Plus vu ronn 2,6 Milliarden Euro. Zanter 2005 gouf et eréischt ee Joer, an deem de Pensiounsfong Verloscht gemaach huet, 2018 waren et allerdéngs “just” 421 Milliounen Euro. Dee gréissten Deel vun der Perte geet op d’Resultat vun der Société d’investissement à capital variable, kuerz SICAV, vum Fong zeréck. Dës huet esouguer 3,17 Milliarden Euro verluer. Schonn Enn Mee hat de Finanzexpert Claude Arend an eisen Econews erkläert, datt déi Perte op d’Entwécklung vun de Finanzmäert zeréckzeféiere wär.

Wann ee weess, wéi d’Joer gelaf ass, ass ee Verloscht vun 3,17 Milliarden absolut ze verstoen. Et ass déi logesch Konsequenz vu ville Facteuren, déi am Virfeld absolut net previsibel waren, an domat mengen ech net nëmmen déi geopolitesch Entwécklunge mam russeschen Ugrëff an der Ukrain.

Virun deem Hannergrond hätt de Fong sech esouguer nach gutt geschloen. Wéi de Claude Arend op Nofro hin erkläert, wier virun allem d’Hausse vun den Zënse fir d’Perte responsabel. De Fong huet ronn 60 Prozent vu senge Suen an Obligatiounen a 40 Prozent an Aktien investéiert. Normalerweis gläichen d’Obligatiounen, déi dacks iwwert eng Partie Jore lafen, déi volatil Wäerter vun den Aktien aus, ma duerch déi héich Zënse war et d’lescht Joer genee ëmgedréint. Datt sech esou een Zenario an deenen nächsten 10 Joer nach eng Kéier widderhëlt, wier awer quasi ausgeschloss. Mat Bléck op d’Aktien hätt sech gewisen, datt Investitiounen a fossil Energien nach mat déi beschte Resultater bruecht hätten.

Ech wëll mer guer net ausmolen, wat passéiert wier, wéinstens op den Aktien, wann de Fong esou Organisatioune wéi Greenpeace gefollegt hätt a seng Investitiounen am Energieberäich d’lescht Joer komplett zeréckgefouert hätt.

Haut géing sech d’Situatioun um Energiemaart awer scho rëm méi negativ duerstellen. Op Nofro hin erkläert de Sozialminister Claude Haagen, datt een an Zukunft bei den Investitiounen net just op de Rendement kucke wäert. Am Februar war jo an der Chamber iwwert eng nei, méi nohalteg Investitiounsstrategie diskutéiert ginn. An enger Motioun, déi ugeholl gouf, war ënnert anerem gefuerdert ginn, datt Investitioune sech un den Ziler vum Paräisser Klimaaccord orientéiere missten.

Back to Top
CIM LOGO