Vereinfacht Prozeduren a méi Transparenz

© Diana Hoffmann / RTL
Fir bestëmmte Betriber a fir technesch Anlagen muss déi sougenannte Comodo-Prozedur agehale ginn. Dat neit Gesetz ass am Regierungsrot ugeholl ginn.
Deemnächst gëtt et an der Chamber deposéiert.
Duerch d’Commodo-Prozedur gëtt den Impakt vu bestëmmten Aktivitéiten op d’Leit an d’Ëmwelt gepréift. Op der Aarbechtsplaz ass dat zum Beispill d’Sécherheet vun de Mataarbechter. Fir d’Ëmwelt kënnen dat Facteure wéi Loftverschmotzung oder Kaméidi sinn. Ënnert d’Comodo-Gesetz falen deemno zum Beispill Autosgaragen, Bäckereien, Bürosgebaier oder Parkhaiser.
D’Autorisatioune gi jee no Fall vun der Ëmweltverwaltung, der ITM oder dem jeeweilege Buergermeeschter verginn. Pro Joer sinn dat am Schnëtt 1.500 Autorisatioune bei der Ëmweltverwaltung a 7.000 bei der ITM.
D’Gesetz gouf elo an deem Sënn vereinfacht, dass all d’Demandë fir eng Autorisatioun, Verlängerung oder Ofännerung bei enger zentraler Stell eragereecht ginn. Doriwwer eraus kéinten dës Demanden an Zukunft just nach digital gemaach ginn, erkläert den Aarbechtsminister Georges Engel.
Ma dës Digitalisatioun hätt de Virdeel ënner anerem bei der ëffentlecher Unhéierung, déi e wichtege Bestanddeel vum Commodo-Gesetz wier, ënnersträicht d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring. D’Leit kënnen net méi just Asiicht an d’Dossiere kréie wann d’Gemeng op ass, mee hunn dës ronderëm d’Auer iwwer Internet. Soubal dann d’Decisioun publizéiert wier, wier net just déi online ze fannen, mee de ganzen Dossier, sou dass och méi einfach kéint Asproch erhuewe ginn.
E wichtegt Element vum Gesetz wier dann d’Nomenclatur, betount d’Ëmweltministesch. 600 verschidden Aktivitéite géingen ënnert d’Commodo-Gesetz falen. Jee no der Gravitéit vum Impakt op d’Ëmwelt oder d’Sécherheet ginn d’Aktivitéiten an aacht Klassen ënnerdeelt.
Den Aarbechtsminister nennt e Beispill, wou ee souwuel de Leit wei och den Administratioune wéilt d’Liewe vereinfachen. Bis elo misst een, wann een Doheem en Trapelift wëllt installéieren, eng Autorisatioun froen, an en entspriechenden Aushang maachen. Dacks géing dat laang daueren, seet de Georges Engel a verweist op seng Erfarung als Buergermeeschter. Matt engem neie Reglement grand-ducal, deen hien e Freiden am Regierungsrot proposéiere wëll, géing dës Prozedur an dësem Fall awer ewech falen. Et wéilt een d’Limitten, vu wéini un d’Commodo-Gesetz gräift, fir verschidde Fäll an Zukunft erofsetzen, seet och d'Joëlle Welfring.