Recht op Rausch, Tentatioun fir déi Jonk?
Cannabis ass zanter dem 21. Juli zu Lëtzebuerg legal, op d'mannst an den eegene Maueren.
Pro Stot dierfe 4 Planzen ugeplanzt ginn, allerdéngs däerfen och doheem just Erwuessener consomméieren. Ma Cannabis ass gläichzäiteg nach ëmmer eng beléiften Astig-Drog bei de Jonken. Eppes, wat bei Psychiater a Psychologe fir Besuergnis suergt.
Ëmmerhin huet gutt en Drëttel vun de Lëtzebuerger Jonken tëscht 15 an 18 Joer op mannst schonn eemol un engem Joint gezunn. Dat neit Recht op Rausch fir Erwuessener an hire 4 Wänn riskéiert domat fir Jonker eng Tentatioun ze ginn, andeems de Konsum banaliséiert gëtt. Dat fäert de Psychiater Marc Graas, deen a senger Praxis mat jonke Konsumenten ze dinn huet. Hie warnt: Cannabis géing spezifesch d'Gehier an der Entwécklung ugräifen, an dat méi schlëmm wéi Alkohol oder aner Drogen: "D'Konsequenz vun enger Consommatioun grad an der Jugend ass dann, dass déi Leit méi oft Psychosen hunn, se hu Problemer mam Denken, mam Verhalen, mat der Attentioun. Se si méi impulsiv an hunn nogewisen eng méi grouss Sensibilitéit fir depressiv Stéierungen".
Bei der Sucht-Berodungsstell Impuls, ass een engersäits frou iwwer d'Legaliséierung an d'Entstigmatiséierung. Eventuell siche sech da méi Leit Hëllef, wa se mierken, dass hire Konsum problematesch ass. Jonker, déi vun der Police mat Cannabis erwëscht goufen, mussen heihin an d'Berodung, fir si bleift de Konsum jo och weiderhin illegal. Ma et weess een net, ob dat esou bleift oder ob eng änlech Banaliséierung kënnt, wéi beim Alkohol. D'Nora Vitali, Psychologin a Responsabel de service adjointe erkläert, datt Jonker u sech och an d'Consultatioun misste kommen, wa se däitlech ze vill Alkohol gedronk hunn an zum Beispill hu missen de Mo ausgepompelt kréien. Well Alkohol awer legal a méi an der Gesellschaft ukomm wier, géife si vill manner Jonker mat Alkoholproblemer geschéckt kréien. Elo besteet d'Suerg, dass och manner Jugendlecher bei den Impuls geschéckt ginn, wann de Cannabiskonsum bis eréischt méi an der Gesellschaft etabléiert ass.
Weder d'Psychologin nach de Psychiater wëlle Moral-Apostel sinn, ma béid plädéiere fir Abstinenz an der Jugend, well, esou betount de Marc Graas: Et géif kee Seuil ginn, bei deem de Konsum spezifesch fir Jonker an der Pubertéit harmlos wier. Effektiv géif eng Etüd schonn en negativen Effekt op d'Gehier bei grad emol fënnefmol Consommatioun noweisen. Och wann dat eng schwaarz-moleresch Etüd wier, hätten déi Leit duerno eng méi héich Warscheinlechkeet, am Erwuessenenalter depressiv ze ginn.