Den 8. Oktober si bekanntlech Chamberwalen. Ma zu Beefort a Bäerdref sinn d'Bierger gläichzäiteg opgeruff, een neie Gemengerot ze bestëmmen.

Wärend d'Walen an der Majorzgemeng Bäerdref wéinst dem Doud vun engem Kandidat ofgesot goufen, gouf d'Resultat zu Beefort annuléiert, well ee vun de Kandidaten net an der Gemeng ugemellt war. Am zweete Versuch trieden an der neier Proporzgemeng elo esouguer méi Kandidate wéi den 11. Juni un.

Zwou komplett Lëschte mat jee 11 Leit ginn den 8. Oktober an d'Course. Dat sinn engersäits "Är Lett" ronderëm den aktuelle Buergermeeschter Camille Hoffmann an anerersäits "d'Biergerlëscht Beefort Déiljen Grondhaff". Den 11. Juni haten "Är Lett" 7 an d'Biergerlëscht 4 Sëtz kritt. D'Cour administrative hat d'Resultat awer gekippt, well den Dario Ballanti vun der Biergerlëscht net an der Gemeng ugemellt war. Hie geet zwar net méi mat an d'Walen, ma dofir elo 4 nei Kandidaten. Datt een elo eng komplett Lëscht presentéiert, gesäit de Bruno Domingues als Virdeel.

"Jo, ob dat eis an d'Kaarte spillt, ech géif scho soen, well mer lo komplett sinn. Ech mengen, mir waren net wäit wech vum fënnefte Sëtz, well mer do manner Lëschtestëmmen haten, well mer nëmmen zu aacht op der Lëscht waren. Ech géif scho soen, dat ass scho bëssi positiv, datt mer lo zu eelef Leit untrieden, jo."

Mat dräi Männer an aacht Fraen ass et nawell eng zimmlech weiblech ugehauchte Lëscht. Ee Spëtzekandidat gëtt et net, ma de Bruno Domingues an d'Annemie Loor si fir d'Koordinatioun zoustänneg. Wat de Programm ugeet, géing ee sech ënnert anerem fir méi Transparenz asetzen, et wéilt een de Bierger besser nolauschteren a méi an de Sport an d'Jugend investéieren.

Zu Beefort a Bäerdref sinn den 8. Oktober nees Gemengewalen / Marc Hoscheid

Dem Buergermeeschter Camille Hoffmann ass net baang, well d'Konkurrenz elo eng komplett Lëscht presentéiert. Nieft dem Inneministère haten och "Är Lett" Recours géint d'Walresultat agereecht. Datt se a gutt engem Mount nach eng Kéier hir Stëmm mussen ofginn, géing bei de Bierger iwwerdeems net wierklech gutt ukommen.

"Se sinn e bëssi genervt, well se lo nach eng Kéier musse wiele goen. Bon, d'Leit verstinn einfach net, firwat et net méiglech war, dat virdrun ze ënnerbannen. Mir versichen, de Leit ze erklären, datt d'Walgesetz et eben net hiergëtt, datt den Interieur oder soss een e Kandidat hätt kéinte vun der Lëscht huelen. Dat gëtt d'Gesetz net hier."

Fir déi nächst Jore géing een op Kontinuitéit setzen. Wichteg Projete wieren ënnert anerem den Ausbau vum Precoce, d'Erneierung vum Waasserreseau zu Déiljen an den Ëmbau vun der aler Brennerei zu engem Multifunktiounssall mat Café a Restaurant. Zu Beefort sollen zudeem Sozialwunnengen entstoen.

Zu Bäerdref ginn den 8. Oktober iwwerdeems 15 Kandidaten an d'Course ëm 9 Plazen am Gemengerot. Et sinn dat bis op de verstuerwene Carlo Bentner déi selwecht wéi den 11. Juni.