Haut ass et un deene Gréngen. D’Iness Chakir huet 20 Joer an ass zu Diddeleng och schonn am Juni mat an d’Gemengewale gaangen. Elo waart en neie Challenge op déi jonk Schülerin. De Loïc Juchem huet e kuerz a knappen Interview mam Iness gemaach.
D’Iness Chakir kënnt aus enger grousser Famill a wollt sech scho vu Kand u fir anerer asetzen. Politesch setzt d’Iness sech virun allem fir Mënscherechter, Chancëgläichheet a fir nohalteg Entwécklung an.
Numm: Iness Chakir
Alter: 20 Joer
Partei: Dei Gréng
Gemeng: Diddeleng
Bezierk: Süden
Beruff: Studentin
Politesch Funktiounen: war déi éischt Presidentin vum Jugendparlament
Hobbyen: fräiwëlleg Pompjeeën
LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play