"Kleng freet Grouss" mam Sam Tanson
Dëse Sonndeg ass et den Optakt vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d'Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.
Wat gëtt aktuell géint de Klimawandel ënnerholl? Firwat gëtt et kee Mindesttäschegeld a wat ass iwwerhaapt eng Koalitioun? Dat si Froen, déi eis 8 Kannerreporter ënner anerem de Politiker stellen an der neier Emissioun “Kleng freet Grouss” an de RTL KannaNiuuss.
De Charel, de Maxime, de Lionel, d’Lou, d’Julie, d’Giusi, d’Zoé an den Ivan sinn d’RTL Kannerreporter a stellen hir Froen u 7 Politiker. Am Kader vun de Chamberwale geet et an der Emissioun “Kleng freet Grouss” dorëms, d’Kanner zu Wuert kommen ze loossen an hinnen d’Chance ze ginn, déi Froen ze stellen, déi si interesséieren.
D’RTL-Kannerreporter hu sech iwwert en Opruff um rtl.lu gemellt. Iwwer 80 Kandidature sinn erakomm, no engem Casting sinn déi 8 aktuell Reporter zréckbehale ginn. Sechs Kanner interviewen d’Spëtzekandidaten an zwee Kanner hunn d’Rolle vum Backstagereporter. Dat heescht si maachen dat dat eent oder anert Spill hannert de Kulissen vu “Kleng freet Grouss” mat de Politiker, fir si vun hirem Stull an eventuell och aus hirer Konfortzon erauszelackelen.
D’Emissioun “Kleng freet Grouss” start haut mat engem Interview mam Sam Tanson vun Déi Gréng , wou et ëm d'Themen Ëmwelt an Täschegeld geet.
Ab nächster Woch kommen dann all Sonndeg zwou nei Folgen eraus. Ëmmer moies um 9h an Owes um 18h45 Auer op der Télé. Oder awer am RTL Play.
Eis Kannerreporter stelle sech vir!
Lionel Ribeiro, 12 Joer
Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.
Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.
Julie Ludwig, 12 Joer
Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.
Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!
Ivan Caramuta, 13 Joer
Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.
Mäi Motto: Ni opginn!
Charel Schiltz, 13 Joer
Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.
Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.
Maxime Entringer, 12 Joer
Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.
Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.
Lou Beltramini, 12 Joer
Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.
Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.
Giusi Carenza, 13 Joer
Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.
Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.
Zoé Valente, 13 Joer
Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.
Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.