2 Wochen nom Accident: Enquête soll genee Ëmstänn klärenAutomobilist rennt zu Esch an eng Mauer a stierft nach op der Plaz

Pierre Weimerskirch
Viru knapp 2 Wochen ass en Automobilist, dee geflücht war, wéi en eng Policepatrull gesinn hat, zu Esch déidlech verongléckt.

Wat war geschitt ?

E Méindeg, den 28. August, no 22 Auer krut d’Police zu Nidderkuer eng Persoun gemellt, déi sech do ouni Erlabnis géif op engem Privatgrondstéck ophalen a randaléieren. RTL-Informatiounen no war et e Mann, deen am Gaart vu senger Ex-Fra randaléiert huet. Am Policebulletin stoung, dass de Mann der Patrull entgéint gefuer koum, wéi dës ënnerwee op d’Plaz war. D’Policepatrull ass dem Mann nogefuer. De Chauffer soll RTL-Informatiounen no mat iwwert 180 Kilometer an der Stonn iwwert d’A13 Richtung Esch gefuer sinn.

Op der Kräizung vun der Penetrante de Lankelz mam Boulevard Grande-Duchesse Charlotte ass de flüchtege Chauffer zu Esch an d’Mauer vun der neier Primärschoul gerannt. Op der Plaz gëtt et keng Bremsspuer. Den Auto ass a Brand geroden. D’Polizisten op der Plaz hu versicht, den Auto ze läschen. Wéi d’Rettungsservicer ukomm sinn, konnten déi just nach den Doud vum Chauffer feststellen.

Op Nofro huet de Parquet confirméiert, dass den Ament eng Enquête amgaangen ass, fir déi genee Ëmstänn vum Accident ze klären. Eng Autopsie gouf gemaach.

Wéini hëlt d’Police d’Poursuite vun engem Won op ?

D’Pressestell vun der Police konnt zum Accident zu Esch keng weider Informatioune ginn. Op e puer allgemeng Froe krute mir awer schrëftlech Äntwerten.

Wéini d’Policebeamten engem Verdächtegen nofueren, kéint een net pauschal beäntweren. Et wier awer generell esou, dass een d‘Course-poursuite vun engem Verdächtegen ophëlt, wann dee flücht a sech der Kontroll duerch d’Police wëll entzéien.

Et wier een Ofweie vu Risiken an Notzen

An der Ausbildung kréien d’Polizisten erkläert, wéi ee sech soll verhalen, fir d’Risiken esou geréng wei méiglech ze halen. Nieft der theoretescher Formatioun mussen d’Beamten, déi op engem Kommissariat schaffen, all dräi Joer e Fuersécherheetstraining zu Colmer-Bierg maachen.

Ob eng Verfolgungsjuegd opgeholl gëtt, missten d’Beamte bannent kuerzer Zäit entscheeden. D’Infraktioun, d’Verhale vum Verdächtegen, d’Wiederkonditiounen, ass et moies oder owes, dat nëmmen e puer Facteuren, déi ee géif evaluéieren, esou de Pressebüro vun der Police.

Et géif Richtlinne ginn, op wat ee muss oppassen

Et gëtt Richtlinnen, op wat d‘Police bei enger Course-poursuite oppasse soll. Esou wier et am Prinzip de Bäifuerer, deen d’blo Luucht an d’Sireen bedéngt. De Chauffer soll permanent domat rechnen, dass aner Verkéiersmembere sech anescht oder falsch verhalen. Riskant Manöver wéi onkontrolléiert Befuere vun enger Kräizung misst evitéiert ginn, op oniwwersiichtleche Plaze soll net iwwerholl ginn an de Bäifuerer soll op d’Fuerweis vum Fuerer vum Déngschtauto oppassen an dësen dorop opmierksam maachen.

Back to Top
CIM LOGO