Abriecher trëfft op Bewunner
Versichten Abroch a Wunneng zu Uewerkuer

© RTL Archiv
En Dënschdeg de Moie fréi gouf der Police e versichten Abroch an der Rue de la Gare zu Uewerkuer gemellt.
Wéi d'Police matdeelt, soll den Täter éischten Erkenntnisser no d'Rollluede vun der Wunneng an d'Luucht gehuewen hunn, iert dësen dunn iwwert eng oppe Fënster an d'Wunneng selwer erakomm ass.
Den Awunner gouf allerdéngs vum Kaméidi, deen den Abriecher gemaach huet, aus dem Schlof gerappt an ass nokucke gaangen. Wéi hien op den Täter getraff ass, ass dësen nees geflücht an an onbekannte Richtung fortgelaf.
D'Ermëttlunge goufe vun der Police an d'Weeër geleet.
Am meeschte gelies