De fréiere Buergermeeschter vu Bäerdref Ernest Walerius ass dout

© Gemeng Bäerdref
D'Gemeng Bäerdref trauert ëm de fréiere Buergermeeschter Ernest Walerius, deen e Samschdeg am Alter vu 75 Joer verscheet ass.
Den Ost-Politiker war vun 2000 bis 2005 Member am Gemengerot, gouf 2005 zeréckgewielt an dunn zum Bäerdrëffer Buergermeeschter ernannt - ee Posten, deen den Ernest Walerius bis Enn 2017 engagéiert erfëllt huet.
Wéi d'Gemeng schreift, hätt sech den Ern Walerius mat sengem Engagement am CIGR Mëllerdall speziell fir déi sozial schwaach Leit agesat. Als President vum Tourismussyndikat wier dem LSAP-Politiker och d'Entwécklung vum Tourissem an der Mëllerdall-Regioun extrem wichteg gewiescht.
Bäerdref ass nieft Beefort déi zweet Gemeng, wou den 8. Oktober zousätzlech zu de Chamber- och Gemengewalen ofgehalen ginn. An der Majorzgemeng Bäerdref war dëse Vott néideg ginn, well de Conseiller a Kandidat Carlo Bentner verscheet war.