Wie sëtzt déi nächst 5 Joer un de politeschen Hiewelen?
De Logement, d'Kafkraaft, de Kampf géint d'Aarmut an d'Steierpolitik. Dat si Beräicher, déi an der offizieller Table Ronde als Prioritéit genannt goufen.
Gutt annerhallef Stonn hu Vertrieder vun am Ganzen 10 politesche Parteien mateneen diskutéiert, ënnert anerem iwwer d'Steieren an d'Attraktivitéit vum Land.
Fir datt och an Zukunft Entreprisen zu Lëtzebuerg wëlle bleiwen, brauche mer méi eng attraktiv Betribsbesteierung, fënnt de liberale Mëttelstandsminister Lex Delles.
"Mir sinn esouwuel an der EU iwwert der Moyenne vum Steiersaz, wéi awer och an der OECD. Dat heescht mir musse vun deene 25 Prozent erofgoen, fir eis méi der Moyenne unzepassen."
De Steiersaz ass fir d'Josée Lorsché vun déi Gréng net dat eenzegt, dat zielt.
"Mir sinn der Meenung, dass d'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir d'Betriber u ganz villen anere Facteuren hänkt, notamment - mir hunn eng gutt Lag, e Land mat kuerze Weeër a virun allem hu mer de soziale Fridden hei zu Lëtzebuerg. "
Eng Ausso, déi de Christophe Hansen vun der CSV esou net géif ënnerschreiwen.
"Datt mer nach d'Land vun de kuerze Weeër sinn, dat ass leider net méi de Fall. Dat gëllt, wa mer wëlle Betriber op Lëtzebuerg kréien, mä awer och am Logement. Mir hunn net méi déi kuerz Weeër. Do musse mer ganz kloer och nei Accente setzen, fir de Verwaltungen Delaien ze ginn, mir brauchen Ulafstellen, wann esou eppes gemaach gëtt."
Wichteg fir d'Attraktivitéit vum Land ass fir d'LSAP och en attraktiivt Handwierk. Den Dan Biancalana:
"Et ass einfach wichteg, fir Perspektiven ze bidden, och dem Handwierk an do ass et mengen ech och wichteg, dass de Staat d'Handwierk begleet bei der ekologescher, der nohalteger an och der digitaler Transitioun."
En anere Sujet war méi Steiergerechtegkeet fir Privatpersounen. Bal all Partei ass fir d'Individualiséierung vun de Steieren, also fir d'Ofschafe vun de Steierklassen, ausser d'ADR. De Fernand Kartheiser argumentéiert.
"Wann een elo higeet a steierlech komplett individualiséiert, da verschwënnt d'Notioun vun der Famill aus dem Steierrecht awer och méi allgemeng an der Gesellschaft. Mir sinn eng Partei, déi d'Famill wëll protegéieren, dat ass fir eis e gudde gesellschaftleche Modell."
D'Ierfschaftssteier ass eng Moossnam, déi séier fir Opreegung ka suergen. Déi Lénk ass dofir an den David Wagner erkläert, wéi seng Partei sech dat virstellt.
"Mir hunn eng Zuel festgeluecht vun 1,5 Milliounen, wou mer soen, dat ass e Fräibetrag. De Prinzip soll dee sinn, vill Leit sinn an deem Fall, datt se kéinten eng Wunneng oder en Haus ierwen an dat si keng superräich Leit, dat sinn normal Leit, dat ass d'Mëttelschicht an dat Haus respektiv déi Wunneng muss ee kënnen halen."
Liberté-Fräiheet ass kloer géint all Hausse vu Steieren a géif éischter déi international Solidaritéit a Fro stellen. De Bas Schagen:
"Mir mengen, dass vill Sue fort ginn, déi net misste fort goen. Zum Beispill, ech soen de Krich. Mir schwätzen iwwert d'Problemer hei am Land a mir hunn der genuch hei am Land. Da musse mer och emol hei ufänken ze kucken, datt alles leeft."
Keng Walcampagne ouni Diskussioun iwwert den Index. De Fränk Engel vu Fokus explizéiert, wéi een a sengen Aen den Indexsystem kéint verbesseren.
"Mir hunn eng Propose gemaach, wou mer soen, mir ginn deene Leit ënnen, do wou et ufänkt, 3 Prozent Indextranche an net méi 2,5. Da komme mer Netto nämlech op d'mannst bei 2,5 Prozent un an dann zéie mer dat duerch déi gesamt Echelle vun den Akommes, bis ee bei 250.000 Euro oder esou keen Index méi kritt."
Eng Iddi, vun där den Eduardo Tiberi vun der KPL net vill hält.
"Ech sinn och erstaunt, datt en op eemol domadder kënnt. E war déi ganzen Zäit bei der CSV an do huet en alles anescht gemaach, wéi dat wat en elo am Gaang ass ze soen. E wäert da warscheinlech och dréinen, wéi de Wand bléist."
Fir datt d'Leit méi Kafkraaft hunn, proposéieren d'Piraten, datt ee sollt probéieren, verschidde Produiten ouni TVA ze verkafen. De Sven Clement:
"Zum Beispill géife mir ganz gären de Kampf mat der EU-Kommissioun drop ukomme loossen, wann et drëm geet, Bioproduiten TVA-fräi ze stellen. Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt dat net nëmmen am Intressi vun der Biergerinnen a Bierger ass, mä och am Intressi vum Planéit wier."
LINK: Lauschtert hei d'Table Ronde um Radio
Vertrieder vun 10 Parteien
Dan Biancalana – LSAP
Lex Delles – DP
Josée Lorsché – Gréng
Christophe Hansen – CSV
David Wagner – Lénk
Fernand Kartheiser – ADR
Sven Clement – Piraten
Fränk Engel – Fokus
Edoardo Tiberi – KPL
Bas Schagen – Liberté-Fräiheet