Schonn Ugangs vum Joer hätt d'ADR-Parteispëtzt iwwer dubiéis Positioune vun der fréierer Vizepresidentin vun der "ADR International" Bescheed gewosst.

Dat huet de Radio 100,7 um Freidegmoie gemellt.

E Méindeg hat d'ADR annoncéiert, d'Anne-Marie Yim wier aus der Partei ausgetrueden, nodeems RTL iwwer Liene mat der rietsextremer franséischer Partei Civitas an iwwer antisemittesch Aussoe vun der fréierer ADR-Member Yim beriicht hat.

Op enger Reunioun vum Exekutivcomité soll am Februar iwwer hir radikal Positioune geschwat gi sinn. Mat dobäi wier de Fernand Kartheiser gewiescht. RTL géintiwwer huet de Fraktiounspresident gesot, sech net un esou eng Reunioun kënnen ze erënneren.

Weider huet de Fernand Kartheiser betount, d'ADR géing antisemittesch Aussoen net toleréieren.

E weidere Reproche, deen de Radio 100,7 opwërft, ass, dass de Vize-President Dan Hardy als Profilfoto op Whatsapp e Symbol aus der däitscher "Reichsbürger-Zeen" hat, bis e Journalist vum Radiosender hien dorop ugeschwat huet. Den Dan Hardy ass Vizepresident vun der Partei a Kandidat fir d'Chamberwalen.

De Fernand Kartheiser huet e Lien mat rietsextremen Tendenze vehement dementéiert a sot, hie selwer géing sech net mat esou Symboler auskennen. Hien hätt déi Foto vum Dan Hardy och selwer net gesinn a kéint dowéinst dozou näischt soen.