Seng Steierreform bräicht keng Géigefinanzéierung, well se iwwert d'Croissance, déi doduerch entsteet, méi ewéi genuch nei Recettë fir de Staat generéiert.

Dat ass d'Theorie hannert dem CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden sengem Verspriechen, datt jidderee méi Netto vum Brutto kritt, wann hien an d'Regierung kënnt.

Allerdéngs kommen esouwuel de Statec wéi och d'OECD an den Internationale Wärungsfong IMF zu der Konklusioun, datt dat fir Lëtzebuerg esou net funktionéiert.

Steierbaissen: Statec, OECD an IMF widderspriechen dem Luc Frieden / Michèle Sinner

Wann een d'Steieren erofsetzt, ginn als éischt mol d'Steierrecettë fir de Staat erof. Dat kascht de Staat also eppes. A wann dëse keng Iwwerschëss an op d'mannst der nämmlechter Héicht huet, muss en esou eng Mesure géigefinanzéieren. Entweder, andeems e Scholde mécht, fir de Steierausfall ze bezuelen oder andeems en Ausgaben, wéi Investitiounen, Sozialtransferten oder seng Fonctionnementskäschten, kierzt.

Nach e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich beim Maxime Gillen huet de Luc Frieden awer d'ekonomesch Theorie verdeedegt, seng Steierreduktioune fir jidderee géife sech selwer droen, well doduerch d’Consommatioun an domat d'Ekonomie géing wuessen. Déi Croissance vum PIB géif dann nees nei Steierrecettë generéieren, déi d'Steierreform géinge bezuelen.

Vum Luc Frieden huet et e Samschdeg geheescht: "Ech wëll ganz kuerz reagéieren op déi Ausso, déi do ëmmer gemaach gëtt, datt eng Politik, wou een d’Steieren erofsetzt, net géing e positiven Effet hunn. Et ginn eng Rei OECD-Etüden, déi de Contraire beweisen..."
D'Maxime Gillen goung dertëscht: "Ech menge, mir hunn d'Argumenter dofir oder dogéint an de leschte Woche schonn e puer Mol héieren..." 
Ma de Luc Frieden huet insistéiert: "Ech wëll net nach emol d'Argumenter dofir oder dogéint..., ech wëll nach eng Kéier soen: 'Dat funktionéiert'".

2012 huet de Statec den Impakt vum deemolege Finanzminister Luc Frieden senge Spuermesuren evaluéiert. De Statec huet deemools festgehalen, datt de sougenannte Multiplicateur vu Mesurë fir d'Stéit an Entreprisen iwwer Steieren, Sozialtransferten oder Subsiden op d'Ekonomie, bei 0,1 géing leien. Konkret heescht dat: All Euro, deen iwwert dee Wee an d'Ekonomie eragepompelt gëtt, generéiert just 10 Cent Hausse vum PIB. Oder: Eng Steierreform, déi de Staat beispillsweis 500 Milliounen Euro kascht an de Leit 500 Millioune méi an de Portmonni gëtt, generéiert eng Hausse vum PIB vu 50 Milliounen Euro. Wuelverstanen: Hausse vum PIB, net vun de Steieren, déi op dëser Wirtschaftsleeschtung kënnen erhuewe ginn.

Datt net méi iwwreg bleift, läit dorun, datt Lëtzebuerg eng ganz oppen Ekonomie huet an déi meeschte Gidder, déi hei consomméiert ginn, sief et Liewensmëttel, Kleeder, Telefonen, net hei am Land, mä am Ausland produzéiert ginn. "En raison du niveau élevé des importations (140 % du PIB), les multiplicateurs du Luxembourg sont plus faibles que ceux des grandes économies.", schreift de Statec 2012.

Dat confirméiert iwwregens och, déi vum Luc Frieden zitéiert, OECD. D'Multiplicateure si méi kleng, wat d'Ekonomie méi oppen ass, well d'Effete sech duerch d'Importatiounen an aner Länner verdeelen, schreift d'OECD an enger Etüd vun 2013. Kleng, oppen Ekonomië wéi d'Belsch, hätte méi kleng Multiplicateuren: "Multipliers tend to be smaller in more open economies, because the more open an economy is the more of a shock will spread into other countries through imports, and small open economies such as Belgium have small multipliers."

Wat a grousse Länner, déi selwer vill Wuere produzéieren, vläicht méiglech ass, geet also a klenge Länner net am nämmlechte Mooss.

Wéi den Internationale Wärungsfong IMF d'Steierreform vun der rout-blo-grénger Regierung vun 2016 evaluéiert huet, ass en zu der nämmlechter Conclusioun komm. Deemools gouf ënnert anerem d'Steiertabell ënne gestreckt, fir kleng a mëttel Akommes z'entlaaschten, d'Haushaltsausgläichssteier vun 0,5 Prozent nees ofgeschaaft, Steierkreditter fir kleng Akommes gehuewen an och d'Kierperschaftssteier fir Betriber erofgesat. Si sollt an de Joren 2017 an 2018 zesummen 878 Milliounen Euro kaschten. Den IMF huet 2017 geschriwwen, si géif d'Demande hei am Land zwar steigeren, awer de Multiplicateur dovu wier modeste, wéinst dem héijen Offloss duerch d’Importer: "The tax reform will increase domestic demand but the multiplier would be modest due to sizeable import leakages." 

De Statec huet 2012 och geschriwwen, datt Mesuren en faveur vu finanziell méi schwaach gestallte Menage méi en héije Multiplicateur hätten, wéi Mesuren, déi méi räich Menagen treffen oder all Menagen zesummen. Dat huet och mam "Taux d’épargne" ze dinn. Wat e Stot méi ka spueren, wat d'Warscheinlechkeet, datt en zousätzlech Suen, déi en duerch eng Steierbaisse an de Grapp kritt, och ausgëtt, méi erofgeet. Oder anescht gesot: Déi "räich" Leit ginn net méi Suen aus, wa se manner Steiere musse bezuelen.