CGDIS
Ee Blesséierte bei engem Accident an zwee Autoen a Brand

Géint 17.40 Auer e Méindeg den Owend krute sech um Zéissenger Kräiz 2 Autoen ze paken. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.
D'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz.
Ëm 21.10 Auer hat dann en Auto an der Rue St. Hubert zu Déifferdeng gebrannt. D'Pompjeeë vum Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei am Asaz.
Kuerz no 22 Auer hat dann en Auto um CR335 tëscht Clierf an der Maulesmillen Feier gefaangen. Hei waren d'Pompjeeë vu Clierf op der Plaz.
Am meeschte gelies