D’Lëtzebuerger Arméi baut hir Infrastrukture weider aus. De Schéissstand am Bleesdall, deen an de 50er Joren entstanen ass, soll elo komplett nei opgeriicht ginn. Nieft dem Amenagement an der Moderniséierung vum Site misst awer och déi eigentlech Aarbecht der Zäit ugepasst ginn. Dofir brauch et neit Equipement, dat den Uspréch vu moderner Krichsféierung gerecht gëtt. Och Nohaltegkeet a Klimaschutz sollen net ze kuerz kommen. De Verdeedegungsminister François Bausch:
Et gëtt ee Reewaasser-Opfaangbecken gebaut, dass mer Reewaasser kënnen huele fir ze botzen. Et gëtt eng Fotovoltaik mat agebaut, dat heescht, et gëtt energeetesch sanéiert. Och de Buedem gëtt sanéiert, fir dass dat mol an een Zoustand kënnt, deen an d’ 21. Joerhonnert passt.
De Site am Bleesdall ass ausserdeem net wäit vum Härebierg ewech. De Luc Dhamen vun der Administratioun des Bâtiments Publics erkläert, firwat grad dësen Terrain fir de Projet benotzt gëtt.
Et ass relativ schnell jiddereen averstane gewiescht fir ze soen: Mir bleiwen op dëser Plaz. Dass ee Site, dee virun allem ee Plateau offréiert mat deene Längten, déi ee brauch. Dat heescht, souwisou bitt e sech fir sou eng Funktioun un. Op der anerer Säit, wa mer esou ee Site géife sichen, da géife mer laang sichen a respektive misste mir een anere Site amenagéieren.Fir d’Arméi ass den Nei-Opbau vum Site ee Quantesprong. Net nëmme kënnen Zaldote besser a méi spezifesch trainéiert ginn, ma och déi international Kompetitivitéit an Zouverlässegkeet vun de Lëtzebuerger Batallioune géif doduerch erhéicht ginn, sou de Chef d’'Etat Major Steve Thull.
Haut gëtt ëmmer eng Kéier gefrot, dass mer eis kollektiv kënne verdeedegen. Dat heescht, et muss een a méi groussen Zuelen a méi groussen Unitéiten trainéieren. Dat heescht, hannendrun, datt mer och méi Leit kënne mam neie Stand am Schéissen trainéieren.
D’Arméi kann duerch deen neie Schéissstand souguer zu Lëtzebuerg méi Manöveren an Trainingen duerchféieren, ouni dofir laang Reesen an d’Ausland maachen ze mussen. Ënnert anerem de Krich an der Ukrain wier een Indice dofir, wéi wichteg et wier, eng staark Arméi ze hunn.
Fir de Projet am Bleesdall ëmzesetzen, musse ronn 60.000 m2 Terrain amenagéiert ginn. D’Käschte belafe sech op knapps 72 Milliounen Euro. Wéini d’Aarbechte solle fäerdeg sinn, ass bis ewell net bekannt.