
D’Oppositioun hat a béiden Dossieren eng Hellewull u Froen. Äntwerten goufen et bei der Gemengerotssëtzung allerdéngs just an engem vu béiden Dossieren.
Problemer mam Compte de gestion waren en Dënschdeg bei der Sëtzung relativ séier vum Dësch, obwuel d’Oppositioun eng ganz Partie Froen un de Schäfferot gestallt hat, déi och um Ordre du jour stoungen. D’Buergermeeschtesch vun “Är Leit” Marguy Kirsch-Hirtt huet erkläert, et géif ee schrëftlech drop äntweren, well et ëm Fonctionnairë goe géing, déi an der Gemeng geschafft hunn oder schaffen.
“Mir sinn do an enger Prozedur, déi en cours ass. An et gëllt ëmmer Presomption d’innocence bei Fonctionnairen a bei jidderengem. An déi respektéiere mer an do wëlle mer eis guer net derzou äusseren!”
Fir den Alain Wahl vun der CSV gëtt einfach op Zäit gespillt andeems gesot gëtt, et kéime schrëftlech Äntwerten op d’Froe vun der Oppositioun.
“Mir schwätzen hei iwwert ëffentlech Gelder. Dat heescht, dat misst eigentlech op der Place publique kënnen diskutéiert ginn. An datt dat elo net gemaach gëtt, ass schued. Bon, mir waarden eeben elo op déi schrëftlech Äntwert, kucken eis déi un. A wa mer dann nach Froen hunn, da musse mer déi eeben am nächste Gemengerot stellen dozou.”
Ënnert anerem ass et bei de Froen och ëm e Video gaangen, deen den zweete Schäffe op Instagram publizéiert huet, nodeems mir hei op RTL iwwert d’Irregularitéiten an der Gemeng bericht haten. D’Joëlle Schmit vun der DP schwätzt vun enger Gewaltverherrlechung an hofft, datt an der nächster Gemengerotssëtzung doriwwer geschwat ka ginn.
Wat dann d’Irregularitéiten am Dossier Médicis, also der Zousazassurance vum Foyer, ugeet, konnt d’Buergermeeschtesch confirméieren:
“Sämtlech Montanten, wou déi fréier an och jëtzeg Membere vum Schäfferot vun der Gemeng bezuelt krute fir déi Assurance do, déi sinn integral alleguerte bis op de leschten Cent zréckbezuelt ginn.”
Fir d’Mataarbechter vun der Gemeng soll net verlaangt ginn, datt déi hir Cotisatiounen un de Foyer missten zréckbezuelen. Dat begréisst d’Carole Ney vun déi Gréng.
“Ech mengen, d’Mataarbechter hunn dat doten net gefrot. De Schäfferot huet dat proposéiert an et ass fir eis selbstverständlech, dass d’Mataarbechter déi Suen net mussen zréckbezuelen.”
D’Oppositioun kritiséiert awer nach ëmmer, datt déi ganz Affär schleefe geloss gi wier a Feeler net direkt agestan gi wieren a just ënnert d’Drock sech elo eppes gedoen hätt. D’Buergermeeschtesch allerdéngs seet, et hätt ee keng Chance krut, dat Ganzt ze klären a si hätte just op déi néideg Gewëssheet gewaart an dunn awer direkt gesot, et géif een zréckbezuelen.