Mobbing op der AarbechtSech onbedéngt Hëllef sichen an op kee Fall d'Hoffnung verléieren

Dany Rasqué
Mobbing op der Aarbechtsplaz zerstéiert Liewen a kann am schlëmmste Fall déidlech Konsequenzen hunn. Dat ass eng Erfarung, déi d'Mobbing ASBL reegelméisseg mécht.
© Envato Ijeab

D’Patronne vun engem italieenesche Restaurant zu Groussbus hat en Dënschdeg an Zesummenaarbecht mat der ASBL en Informatiounsowend organiséiert. Si hat d’lescht Joer duerch e Spendenopruff finanziell Hëllef kritt a wollt eppes zeréck ginn, och well se selwer gemierkt huet wat Remarken, déi ënnert de Rimm ginn, mat engem Mënsch kënne maachen.

Mobbing op der Aarbecht / Reportage: Dany Rasqué

D’Athenais Altamuro krut net nëmmen Hëllef, mä ass an de soziale Medien och attackéiert ginn. Mat Amenter hätt si sech gefrot, wéi Leit reagéieren, déi vläicht net esou staark sinn oder de Réck net esou gestäipt kréien, wéi dat an hirem Fall war. Dofir huet si sech mat der Mobbing ASBL zesumme gesat, déi sech exklusiv ëm Harcèlement op der Aarbecht këmmert an huet si op Groussbus invitéiert. Hire klinesche Psycholog a Chargé de Direction, de Luis Viçoso huet am RTL Interview ënnert anerem explizéiert, wat Mobbing op der Schaff mat engem Mënsch mécht.

“Et huet Auswierkungen op d’Privatliewen an op d’Gesondheet. Mobbing huet Konsequenzen op de Schlof vun de Betraffenen. Si kënnen dacks net schlofen, net iessen, hunn Angschtgefiller, Problemer an hirer Koppel an an der Famill. Si kënnen och eng problematesch Consommatioun vun Drogen, Alkohol a Kaffi hunn an déi Betraffen hu kee Spaass méi u Saachen, déi se soss gär gemaach hunn. Mobbing huet u sech en depressiven Effekt op déi Concernéiert.”

D’Mobbing ASBL huet zejoert 61 Dossieren opgemaach. 19 Persounen, déi eng psychologesch Betreiung gebraucht hunn, hunn e wëssenschaftleche Froebou ausgefëllt an et huet sech erausgestallt, datt bal all Zweeten iwwer Suicide nogeduecht huet an an engem Drëttel vun de Fäll stoungen déi Gedanken och a Verbindung mat engem konkrete Plang.
Mobbing op der Aarbecht fänkt meeschtens mat engem Konflikt un, weess de Luis Viçoso aus Erfarung an aus deem Konflikt kéint dann Harcèlement entstoen. Fir vu Mobbing kënnen ze schwätzen, musse véier Krittäre mateneen erfëllt sinn. Et musse perséinlech Attacke sinn, déi systematesch erëmkommen, méi schlëmm ginn a sech iwwert eng gewëssen Zäit zéien, mä och wann dës Punkten net all zoutreffen, gefillte Mobbing ass fir déi Betraffe genee esou schlëmm, ënnersträicht de klinesche Psycholog.

Am Fall vum Thomas Sollinger waren déi 4 Krittären erfëllt. De Jurist huet vill Erfarung, huet och schonn an Osteuropa an a Groussbritannien geschafft a koum dunn op Lëtzebuerg, wou hien eng Plaz am Finanzsecteur ugeholl huet. Hien hat et mat engem Chef ze dinn, dee wéi hie seet, net mat staarke Perséinlechkeeten a Mataarbechter mat Erfarung konnt ëmgoen. Och déi Persoun, déi virun him op där Plaz war, wier eraus gemobbt ginn.

“Et ginn zwou Méiglechkeeten wat engem an esou enger Situatioun passéiere kann. Entweder et ass een zerstéiert, et traut ee sech näischt méi zou an et huet ee kee Selbstbewosstsinn méi oder a mengem Fall ass et éischter esou, datt ech weess, wat ech kann, datt ech weess wat ech ka leeschten an ech konnt mech an där Situatioun och gutt aschätzen a wosst, datt et net wierklech eppes domadder ze dinn huet, datt ech eppes falsch gemaach hätt, mä déi Persoun huet e Problem an ech sinn d’Affer. Ech wëll mech awer net zum Affer maachen a well weiderschaffen. Ech hunn eng aner Plaz fonnt.”

Den Thomas Sollinger war virdrun awer entlooss ginn. Hie war nach an der Proufzäit an obschonn d’Personaldelegatioun confirméiert huet, datt et sech ëm Mobbing handelt, huet hie misse goen. Jidderengem, deen de Verdacht op Mobbing huet, leet den Luis Viçoso un d’Häerz, d’Attacke géint hie genee ze dokumentéieren.

“Et muss een ufänken alles opzeschreiwen wat passéiert, den Dag, wou et geschitt ass, ëffentlech oder net, wat déi aner Persoun gesot huet, wéi se et gesot huet.”

Dee Rapport ass nëtzlech wann ee sech Hëllef sicht an dat soll een onbedéngt maachen, réit de klinesche Psycholog a Chargé de direction vun der Mobbing ASBL. Et soll een net zécken oder probéieren d’Situatioun auszehalen an op kee Fall d’Hoffnung verléieren. “Et gëtt e Liewen dono”, esou de Luis Viçoso.

Leit, déi Hëllef brauchen, si beim Luis Viçoso a senger Ekipp häerzlech wëllkomm. D’Telefonsnummer, d’E-Mail-Adress a ganz vill aner Informatiounen fënnt een op mobbingasbl.lu.

Back to Top
CIM LOGO