E Papp kämpft ëm seng Kanner (Deel 2)Sich no Kanner a Mexiko geet weider: E grenziwwerschreidende Rechtssträit eskaléiert

Christina Clements Dayal
RTL Today iwwersat vun RTL.lu
Nodeems hie wärend enger Rees mat der Famill a Mexiko vu sengen zwee Jonge getrennt gouf, schwätzt e Papp aus Lëtzebuerg dovunner, dass hie jorelaang no hinne gesicht huet a gläichzäiteg an zwee Länner rechtlech Schrëtt ageleet huet – bis ewell ouni Aussiicht op eng Zesummeféierung vu Papp a Kanner.
© Mam Accord vum Papp

Zënter deem hie wärend enger Vakanz mat der Famill a Mexiko vu senge Kanner getrennt gouf, sicht de Papp eegenen Aussoen no no hinnen an huet parallel rechtlech Schrëtt a Mexiko an och zu Lëtzebuerg ageleet. En éischte Versuch, d’Kanner an enger Policestatioun am Norde vu Mexiko ze gesinn, huet net dozou gefouert, dass Papp a Kanner sech nees géinteniwwer stoungen.

Méi spéit no ville Beméiungen huet de Papp dunn d’Kanner iwwert den Online-Regëster vun hirer Schoul fonnt an ass dohinner gefuer. Hei huet hien Dokumenter ugefrot, déi d’Aschreiwung an der Schoul confirméieren. Och d’Adress, wou se wunnen, wollt hien hunn, fir sech ze vergewësseren, ob et hinne gutt geet.

Wéi hien dunn e puer Deeg méi spéit nees a Mexiko gereest ass, huet d’Direktesch vun der Schoul vun de Kanner ufanks versprach, d’Dokumenter bannent 15 bis 20 Minutten z’iwwerreechen. Ma wéi de Papp dunn am Büro vun der Schouldirektesch gewaart huet, huet si him matgedeelt, dass d’Police ënnerwee wier. Sechs Beamte sinn ukomm, hunn dem Mann aus Lëtzebuerg Handschellen ugedoen an hie matgeholl. Nodeems seng Affekoten agegraff hunn, gouf hie kuerz Zäit drop nees fräi gelooss.

Obwuel haut bekannt ass, wou d’Kanner sech ophalen, kann hien hinnen net ze no kommen, ouni nees ze riskéiere, festgeholl ze ginn. Och wa seng Affekote behaapten, dass et keng rechtlech Grondlag fir seng Festnam géif ginn, seet hien, dass hie seng Bouwen zënterdeem net méi gesinn hätt.

Och wann hien a seng Kanner souwuel den däneschen wéi och de lëtzebuergesche Pass besëtzen, behaapt de Papp, déi dänesch Ambassade hätt him d’Ënnerstëtzung refuséiert, wéi hien d’Kanner als vermësst gemellt huet. Domadder wier hien ouni diplomatesch Hëllef zeréckbliwwen. Well et a Mexiko keng lëtzebuergesch Ambassade gëtt, gouf d’Ambassade zu Washington D.C., déi fir d’Regioun zoustänneg ass, informéiert a steet zënterhier mat sengen Affekoten a Kontakt.

De Rechtssträit iwwert d’Grenzen ewech ass um Lafen

© Mam Accord vum Papp

Déi lëtzebuergesch Autoritéiten hunn zwou Prozeduren ageleet: eng wéinst presuméierter international Entféierung vun de Kanner an eng weider am Kader vun der Scheedungsprozedur.

A Mexiko huet de Papp e puer Plaintë géint seng Fra agereecht, dorënner wéinst falscher Beschëllegung, familiärer Gewalt, Bedruch, gefälschte Beweiser, illegal Festnam, Entféierung vu Kanner an d’Ewechhuele vun engem Elterendeel.

Vill vun dëse Prozedure lafen ëmmer nach a komme Berichter no net séier virun, well de mexikanesche Justizsystem deels lues an ineffizient wier.

De Papp a seng Affekoten fäerten dann och ëmmer méi, dass de Grond, wisou et an den Dossieren net virugeet, doduerch kéint kommen, dass d’Institutiounen am Land Virurteeler géint de Papp hunn, deen Europäer ass. D’Mamm dogéint ass jo Mexikanerin. Dëst géif eescht Froen zu der Gläichbehandlung virum Gesetz a Mexiko opwerfen. Doduerch verréckelt sech souwuel d’Sich no de Kanner, wéi och d’Aleede vu rechtleche Schrëtt massiv.

Gläichzäiteg steet och de Lëtzebuerger Ausseministère an engem aktiven Austausch mat de mexikaneschen Autoritéiten a fuerdert offiziell Informatiounen iwwert den Openthalt vun de Kanner. De Papp gouf allerdéngs elo vu sengen Affekote gewarnt, net méi a Mexiko zeréck ze reesen, well e Gefor leeft, nees festgeholl ze ginn.

Trotz dëser Warnung ass de Papp an de Joren 2024 an 2025 am Ganzen 21 Mol tëscht Lëtzebuerg a Mexiko gependelt, fir seng Kanner ze gesinn a mat senge mexikaneschen Affekoten um lafende Prozess ze schaffen.

D’Scheedung gëtt duerch rechtlech Hürde blockéiert

Zënter méi wéi zwee Joer versicht de Papp, eng Scheedung an d’Weeër ze leeden, ma och dee Prozess géif net virugoen, well d’Plaz vum Openthalt vu senger Fra net bekannt ass a se keng offiziell Dokumenter vum Geriicht kritt huet. Versich, d’Fra ze kontaktéieren, dorënner e Schreiwes vu Washington un déi mexikanesch Ambassade (fir dann un déi mexikanesch Riichter weidergeleet ze ginn), SMSen, E-Mailen an ëffentlech Annoncen an Zeitungen, hätten net dozou gefouert, dass d’Dokument konnt zougestallt ginn.

Dat Lëtzebuerger Geriicht huet d’Demande vum Mann refuséiert, d’Prozedur iwwert en anere Wee weiderzeféieren a besteet drop, dass d’Fra als éischt offiziell lokaliséiert a kontaktéiert misst ginn. An iwwer zwee Joer huet de Papp bis ewell ronn 60.000 Euro eleng fir d’Prozedur vun der Scheedung ausginn, ouni dass et iwwerhaapt scho rechtlech zu enger Scheedung komm ass.

“Déi ganz Tortur huet mech finanziell futti gemaach“, sou de Papp. Hien hofft, dass eng Scheedung dëst fir hien ellent Kapitel op en Enn bréngt an et him sou erméiglecht gëtt, säi Liewe mat senge Jongen nees opzebauen.

Wa Gerechtegkeet säi Präis huet

Op d’Fro no sengen Erfarungen an Erliefnisser seet de Papp: “Meng Äntwert ass einfach: Wann e Papp seng Kanner iwwer Nuecht verléiere kann an de System, deen dech schütze soll, dech am Stach léisst, fillt sech Gerechtegkeet net méi real un – se fillt sech u wéi eng Illusioun. D’Leit froe mech dacks, wat mech dës Erfarung geléiert huet. An ech äntweren éierlech: Fir mech fillt sech Gerechtegkeet wéi eng Illusioun un.“

Seng Frustratioun gëtt dann och nach duerch déi enorm finanziell an emotional Belaaschtung verstäerkt. Iwwer 250.000 Euro bannent zweeanenhalleft Joer fir d’Affekoten zu Lëtzebuerg an a Mexiko, Privatdetektiven, offiziell Zeienaussoen, psychologesch Constaten an eng Abberzuel u Reesen a Mexiko: Dat alles fir sech ze verdeedegen a seng Kanner ze fannen.

D’Belaaschtung, déi sech mat der Zäit kumuléiert huet, hätt säi Vertrauen an de System zu déifst getraff.

Papp fäert laangfristeg Schied duerch déi presuméiert “elterlech Entfriemung”

Psychologesch Evaluatiounen aus fréiere Prozesser, déi RTL Today virleien, weisen, dass d’Kanner hire Papp ni beschëllegt hunn, kierperlech gewalttäteg gewiescht ze sinn. Aus dësen Dokumenter geet awer ervir, dass d’Kanner soen, dass hire Papp si “verlooss” hätt, hie se net méi gären hätt a si elo gleewen, dass hien an Dänemark wier.

De Papp a seng Affekoten argumentéieren, dass dës Aussoen op eng “elterlech Entfriemung” hiweisen. Dëst géif och ënnersträichen, dass d’Kanner deen Dag, wéi d’Police de Papp aus dem Haus erausgeholl huet, op eng aner Plaz bruecht gi waren an d’Evenementer net materlieft hunn, wat sengen Affekoten no dozou bäigedroen hätt, dass d’Kanner elo géife gleewen, dass hie si fräiwëlleg verlooss soll hunn.

De Papp warnt, dass sou eng Manipulatioun laangfristeg emotional Schied verursaache kéint an hofft, dass d’Mamm ophält, d’Kanner als Drockmëttel an engem Scheedungsprozess ze benotzen.

D’Komplexitéit vu Sträit ëm d’Suergerecht iwwert d’Landesgrenz eraus

Mexiko a Lëtzebuerg sinn allen zwee Staaten, déi d’"Haager Konventioun” iwwert déi zivilrechtlech Aspekter vun internationaler Entféierung vu Kanner ënnerschriwwen hunn. Heiranner geet et drëms, d’Réckféierung vun illegal entféierten oder festgehalene Kanner ze garantéieren.

© Mam Accord vum Papp

Rechtsexperten weisen drop hin, dass d’Haager Konventioun zwar e Kader setzt, d’Wierksamkeet allerdéngs staark vun der lokaler Duerchsetzung, also dem Wëlle vum Land, ofhänkt. Uschëllegungen – och wa se onbegrënnt sinn – kënne Prozedure massiv zäitlech no hanne verréckelen, déi sech sou iwwer Joren zéie kënnen. Schwaach institutionell Zesummenaarbecht a systeemesch Problemer kënnen d’Ëmsetzung zousätzlech méi komplizéiert maachen.

Trotz dësen Hürden seet de Papp, dass hien decidéiert bleift: “Ech kämpfen all Dag dofir, meng Jongen heemzebréngen a se ze schützen“, seet hien a betount, wéi wichteg et fir hie wier, dass se wëssen, dass hie se ni am Stach gelooss huet.

Experte fir Familljerecht soen, dass sou Fäll weisen, wéi grenziwwerschreidende Sträit ëm d’Suergerecht vu Kanner eskaléiere kann a wéi schwiereg et fir europäesch Eltere ka sinn, Rechter ëm d’Suergerecht am EU-Ausland duerchzesetzen, souguer dann, wann d’Kanner en EU-Pass hunn.

Message u seng zwee Jongen

“Wa meng Jongen dat jee liese sollten“, sou de Papp, “wëll ech, dass se wësse sollen, dass ech se ganz vill a bedéngungslos gären hunn. Ech hu se nimools verlooss. Mäi gréisste Wonsch ass et, se erëmzegesinn, déi verlueren Zäit nozehuelen an de Papp ze sinn, dee se verdéngen. Ech wäert weider dofir kämpfen, Deel vun hirem Liewen ze sinn.“

D’Mamm huet géigeniwwer RTL Today schrëftlech Stellung geholl

D’Mamm bestreit d’Duerstellung vum Papp a seet, d’Situatioun géif zur Zäit a Mexiko juristesch gekläert ginn.

An enger schrëftlecher Äntwert un RTL Today huet d’Mamm erkläert, dass e Riichter a Mexiko hir provisoresch d’Suergerecht vun de Kanner zougesprach huet an d’Duerstellung vum Papp zeréckgewisen huet, hie kéint si net gesinn. Si seet par contre, hie géif net mat de juristesche Prozeduren zesummeschaffen.

Si huet och dem Papp seng Duerstellung zu den Tëschefäll an der Schoul vun de Kanner dementéiert a gesot, d’Police wier geruff ginn, well hie fir Onrou gesuergt hätt. Hiren Aussoen no ass si duerno mat de Kanner fortgaangen, aus Sécherheetsgrënn, ma wier iwwer hir Affekoten erreechbar.

Si dementéiert, d’Kanner entféiert ze hunn a seet, de Sträit misst viru Geriicht geléist ginn.

Back to Top
CIM LOGO