De Luc Frieden ass e Freideg virun d'Presse getrueden, fir de Point vun den éischte Gespréicher an de Koalitiounsverhandlungen ze maachen.

Déi finanziell a wirtschaftlech Situatioun wier ganz schwiereg, dat  sot de Formateur Luc Frieden, nodeems een en Donneschdeg de Point vun de Staatsfinanze gemaach krut. De Statec geet dovun aus, dass d'Ekonomie Enn vum Joer kéint stagnéieren. D'Joer 2023 géif een iwwerdeems warscheinlech mat engem méi héijen Defizit ofschléisse wei ugangs geduecht.

Och bei de Pensiounen hätt ee kloer gemaach kritt, dass Zuel vun de Pensionnairë méi séier wiisst, wéi d'Leit, déi nei op den Aarbechtsmaart dobäi kommen.

Bis ewell hätt een nach net verhandelt, mee virun allem nogelauschtert. Eng Decisioun hätt een als CSV an DP geholl, nämlech, dass e wéilt den Triple A halen. Et wier wichteg, dass wann de Staat Sue léine geet, dass en der och kritt an dat zu engem räsonabelen Taux, esou de Luc Frieden. Déi Regierung, déi den Ament am Amt ass, géif der Chamber nach en Iwwergangsbudget zur Ofstëmmung proposéieren, bis déi nei Koalitioun steet, esou de Luc Frieden.

Vertrieder vun der Zivilgesellschaft

E Freideg de Mëtteg huet een och Vertrieder vun der Croix-Rouge an der Caritas gesinn. Et wier wichteg, de Leit um Terrain nozelauschteren, och wat déi sozial méi schwaach Mënschen ugeet.

Den Direkter vun der Croix-Rouge Michel Simonis no der Reunioun.

E Méindeg de Moie ginn d'Reunioune virun, da mat de Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP souwéi mat de Patronatsvertrieder vun der UEL. E Méindeg geet et dann och ëm d'Klimapolitik, hei lauschteren d'Vertrieder vun CSV an DP dem Mouvement écologique an och dem Nohaltegkeetsrot no. Déi éischt Aarbechtsgruppe komme schonn iwwert de Weekend zesummen. Nächste Freideg géif een an der grousser Plenière de Point vun den Aarbechtsgruppe maachen, esou de Formateur, deen dann och de Grand-Duc iwwert den aktuelle Stand informéiert.