Liewe retten - Ouni Spende ginn et keng Transplantatiounen

© Shutterstock - True Touch Lifestyle
All Joer de 17. Oktober ass weltwäit d'Journée mondiale du don d’organes.
Am Kader vun dësem Weltdag widderhuelen de Gesondheetsministère an d'Associatioun "Luxembourg Transplant", déi fir d'Gestioun vun den Donen an den Transplantatiounen hei am Land zoustänneg ass, hir Sensibiliséierungscampagne.
Fir verschidde Leit, déi uerg Krankheeten hunn, ass d'Transplantatioun vun engem Organ déi eenzeg Méiglechkeet, fir d'Iwwerliewen ze garantéieren. Aner Leit kënnen duerch en neit Organ hir Liewensqualitéit erëmfannen a sinn net méi just vu Maschinnen ofhängeg, déi d'Organer um Schaffen halen.
Fir datt déi Lëtzebuerger Residenten och weider vun Transplantatioune profitéiere kënnen, ass et wichteg, datt Lëtzebuerg säin Deel am Beräich vun den Organspende bäidréit. Well et ass kloer: Ouni Spende ginn et keng Transplantatiounen.
2022 goufen zu Lëtzebuerg bei 8 Spender alles an allem 38 Organer erausgeholl, déi konnten am Reseau Eurotransplant enger anerer Persoun agesat ginn. D'lescht Joer waren hei am Land 105 Patienten, dat ass e Plus vu 15 Leit par rapport zu 2020, op enger Waardelëscht fir en Organ ageschriwwen. 2022 goufe 55 nei Leit op d'Lëscht ageschriwwen an ee Patient, deen op der Lëscht stoung, ass gestuerwen. 2022 krute 35 Lëtzebuerger Residenten en Organ transplantéiert.
Am Grand-Duché ass u sech all Persoun, déi stierft, e potentiellen Organspender. Ma Leit, déi sech fir de "Passeport de vie" aschreiwen, erméiglechen et den Dokteren, fir dëse Schratt méi einfach ze maachen an evitéieren am selwechten Ament der eegener Famill, fir schwéier Decisioune mussen ze huelen. Fir dëst ze vereinfachen, gëtt et eng App, déi ee sech kann op den Handy (iPhone an Android) eroflueden, déi een awer och um Site vun der Santé fënnt.

Weider Detailer ginn et op Luxtransplant.lu.