Iwwer 800 verschidde Kalbass-Zorte gëtt et
Verschidde Produzente bidden hire Clienten iwwer 200 verschidden Zorten un.
Dat ass eng gréisser Aarbecht an do gehéiert natierlech no der Recolte, d'Botzen dozou, fir dass mir se esou am Buttek fannen, wéi mer et gewinnt sinn.
Dëst Joer war d'Meteo awer anescht ewéi déi Jore virdrun, e Facteur deen alles duerchernee bruecht huet. Mam ville Reen lafen d'Produzenten elo Gefor, dass d'Kalbasse faulen, wann och d'Sonn nees erauskënnt.
Et gëtt all Joer praktesch méi verkaf, also d'Demande ass do. Statistiken iwwert de Goût vun de Leit gëtt et net, et sinn d'Zuele bei der Produktioun, déi zielen an déi waren dëst Joer net esou gutt ewéi déi Jore virdrun, wéinst dem Reen an der Sonn, déi effektiv nees zeréckkomm ass.
D'Nofro nom Kalbass huet sech an deene leschten 20 Joer éischter vergréissert. Virun allem elo fir Halloween gëtt déi Zort mat der markantster Faarf verkaf. Leider ass et och ëmmer ëm dës Saison, wou d'Leit sech einfach esou um Feld zerwéieren. Virun e puer Joer haten doduerch vill Baueren e finanzielle Schued erlieft, dëst Joer hält et sech awer a Grenzen.
Et bleift elo just nach ze klären, dierf een dann elo Kürbis op Lëtzebuergesch soen oder ass a bleift et e Kalbass?
Kürbis gëtt ëmmer méi benotzt, dat richtegt Lëtzebuerger Wuert ass awer Kalbass.
Och d'Diskussioun, ob et dann elo e Geméis oder eng Fruucht ass. De Produzenten no ass et e fruchtegt Geméis.