Zu Lëtzebuerg ginn et keng offiziell Chifferen, ma och hei heefe sech d‘Hospitalisatioune wéinst AVCen, also dem Hiereschlag.

A 15 Prozent vun den Hospitalisatioune sinn d‘Persounen ënner 55 Joer. Wien d‘Unzeeche séier erkennt, ka séier reagéieren. Et ginn 2 Zorte vun Hiereschlag, esou Dr Monique Reiff. Neurologin aus dem CHL.

E Mondwénkel hänkt, een Aarm kritt een net méi gehuewen, kloer schwätze geet och net méi, dann heescht et den 112 ruffen.

De Wee zeréck an en normaalt Liewen duerno ass schwéier. Bei engem Drëttel vun de Leit, déi en Hiereschlag haten gëtt kuerz drop eng Depressioun diagnostizéiert. Ma och Depressiounen bei de Leit am enken Entourage si keng Raritéit.

Depressiounen no engem Hiereschlag sinn net onbedéngt schwéier ze traitéieren. Mat Medikamenter, awer virun allem Psycho-Therapie.

Zur Preventioun virun engem 2. Hiereschlag gëllt et de Bluttdrock, Cholesterin- a Bluttzockerwäerter am Aen ze behalen.