A senge leschte Previsioune war de Statec nach vun 1,5, respektiv 2,5 Prozent Wuesstem fir dëst an d’nächst Joer ausgaangen.

"L’économie luxembourgeoise ne semble pouvoir éviter une contraction en 2023", steet fettgedréckt an der Note de travail vum Comité économique et financier national (CEFN) un de Formateur vun der neier Regierung.

Note vum CEFN / Reportage Michèle Sinner

An de Foussnotte vun deem Pabeier, deen RTL virläit, kann een dann noliesen, wat dat konkret heescht: Nämlech datt et um Enn vun dësem Joer eng Rezessioun kéint sinn an Héicht vu -0,8 Prozent PIB. Dat, wann d’Wirtschaft vu September bis dann nach e bësse wiisst – soss gëtt d’Rezessioun nämlech méi schro.

D’nächst Joer kéint de PIB dann em 1,5 Prozent wuessen, schreift de CEFN, an deem Statec, Inspectioun générale des Finances, Trésor, Steierverwaltung, Enregistrement, Douane, Inspection générale vun der Sécu, den Innen-, de Wirtschafts- an de Finanzministère vertruede sinn.

A senge leschte Previsioune war de Statec nach vun 1,5, respektiv 2,5 Prozent Wuesstem fir dëst an d’nächst Joer ausgaangen. D’Rezessioun ass haaptsächlech op de Finanzsecteur zréckzeféieren, ma och op d’Industrie an d’Baubranche.

A senger Nott rechent de CEFN fir déi nächst véier Joer mat jeeweils enger Indextranche. Den Inflatiounstaux géif nämlech 2025, wann d’Tripartite-Mesurë géint d’Präisdeierecht auslafen, nees op 3,4 Prozent klammen, nodeems en d’nächst Joer soll op 2,5 Prozent falen.

Wat d’Evolutioun vun de Staatsfinanzen ugeet, enthält d’Nott déi nämmlecht Zuelen, déi scho Mëtt Oktober mam Budgetsplang 2024 op Bréissel gemellt gi waren an déi am Verglach mam Stabilitéitsprogramm vum Fréijoer haaptsächlech wéinst den Tripartite-Mesurë méi schlecht ausfalen.

Deemno klëmmt den Defizit vun der ëffentlecher Hand - also Staat, Gemengen a Sécu - dëst Joer op 1,5 Milliarden oder 1,9 Prozent am Verglach mam PIB. An, wann d’Politik net ännert, 2024 op 2,3 Milliarden oder 2,7 Prozent am Verglach mam PIB. Woubäi dee Verglach mam PIB méi schlecht wäert ausfalen, soubal de Statec an e puer Wochen dann offiziell nei Wuesstemsprognose mécht.

De CEFN warnt dann och virun enger Rei Risike fir d’Entwécklung vun de Staatsfinanzen, déi virun allem duerch Ännerungen an der Besteierung vu multinationale Betriber ausginn, déi an nächster Zäit a Kraaft trieden.

Un der Nott, déi der Chamber geschéckt gouf, hänkt och d’Evolutioun vun de Staatsrecetten op den 30. September drun, déi d’Finanzministerin Yuriko Backes wéinst de Wale bis ewell nach net konnt presentéieren. Bis dohi koumen alles an allem 19,2 Milliarden Euro eran. Dat si fënnef Prozent méi, ewéi d’lescht Joer. D’Depense sinn am Verglach mat leschtem Joer rëm 15 Prozent op 19,2 Milliarden Euro geklommen. D’Immobilien- a Baukris mécht sech an de Recettë vun den Droits d’enregistrements bemierkbar, déi mat knapps ënner 200 Milliounen Euro just nach hallef esou héich si wéi Enn September d’lescht Joer.