Cargolux plangt, Läschfliger ze kafen

Beispillfoto. / © AFP/Spyros BAKALIS
D’Cargolux diversifizéiert an domat ass net de Cargozenter vun der Luxair gemengt.
Eisen Informatiounen no plangt d’Gesellschaft vum Findel, Läschfligeren ze kafen, fir Bëschbränn auszemaachen. Schonn am September soll de Verwaltungsrot eisen Informatiounen no d’Decisioun geholl hunn, fir eng Dose Fliger vum Typ Airtractor Fire Boss ze kafen, dat fir e Budget vun 72 Milliounen Dollar. Dat sinn Eesëtzer mat Propellermotoren, déi op Waasserfläche landen, fir Waasser opzehuelen an et dann am Déiffluch iwwer Bränn fale loossen.
Geplangt wier, fir vum nächste Joer u bei Ausschreiwungen an europäesche Länner matzemaachen. Domat wéilt de Betrib och e Klimabäitrag leeschten, well bei Bëschbränn vill Kuelendioxid fräigesat gëtt. Op Nofro wollt sech d’Cargolux net äusseren. Och de François Bausch, Mobilitéitsminister faisant fonction, kéint den Ament näischt zu de Pläng soen. Mä:
"Dat ass hir Strategie, fir sech méi ze diversifizéieren. A wa se an déi Richtung ginn, dat fannen ech schonn eng ganz sympathesch Iddi an eng ganz interessant, well dat schonn eppes ass, wat an Europa gebraucht gëtt. Wa se dat wëlle maachen, et ass eng Pist, déi ech ganz positiv op jidder Fall fannen."
Bis Redaktiounschluss gouf et och keng Äusserung vu LuxAirport. Dat, wat d’Lizenze fir den Handling vun de Passagéier, respektiv dem Cargo um Findel ugeet. D’Luxair mécht jo bekanntlech net méi bei der Ausschreiwung fir eng Cargo-Lizenz mat a plangt, d’Aktivitéite vum Cargocenter un d’Cargolux-Filial Luxcargo ofzeginn - wann déi eng Lizenz kritt.
D’Gewerkschaften OGBL, LCGB an NGL-Snep fuerderen dofir an engem Communiqué, datt eng Decisioun geholl gëtt, fir datt d’Ongewëssheet fir déi 1.200 Mataarbechter vum Cargocenter ophält, déi sech Suergen ëm hir Plaze maachen. D’Gewerkschafte wëlle wëssen, wien den neien Uspriechpartner ass. Si fuerderen ënnert anerem eng Beschäftegungsgarantie an d’Opstelle vun engem neie Kollektivvertrag op Basis vum Luxair-Kollektivvertrag an den Erhalt vun de sozialen Acquisen.