Soubal d'CSV-DP-Regierung steet, ass déi nei gréisst Oppositiounspartei d'LSAP. An der Chamber iwwerhëlt d'Taina Bofferding de Poste vu Fraktiounscheffin.

D'Paulette Lenert gëtt Vize-Fraktiounscheffin. Dat hunn d'Paulette Lenert an d'Taina Bofferding op enger Pressekonferenz an der LSAP-Fraktioun an der Stad annoncéiert.

D'Taina Bofferding war zweet op der LSAP-Südlescht den 8. Oktober ginn. Si wier immens frou a motivéiert, fir hir nei Roll unzegoen. Och wann d'LSAP-Politikerinnen nach emol bedauert hunn, datt no de Walen d'CSV net mat hinne geschwat huet, obwuel d'LSAP gestäerkt gouf vum Wieler, sot d'Taina Bofferding, si géing net "meckeren".

De Schwéierpunkt fir d'Oppositiounsaarbecht wier de "Fortschrëtt vun der ganzer Gesellschaft". "Mir kënne Majoritéit, mee och Oppositioun", sou d'Taina Bofferding weider.

Déi nei LSAP-Fraktiounscheffin huet iwwregens och e Manktem un Transparenz vu Säite vum Formateur Luc Frieden kritiséiert, well nach ëmmer näischt Inhaltleches iwwert de Koalitiounsaccord vun CSV an DP bekannt ass.

Iwwert d'Zukunft vum Ausseminister sortant Jean Asselborn wollt d'Taina Bofferding näischt soen an him d'Kommunikatioun vu senger Decisioun iwwerloossen.