"Giel Kaart" fir de Lucien Lux, hie geet net an Appell
De Member vum Staatsrot hat am Juli sengem eenzege Client Flavio Becca fréizäiteg den Avis iwwert e Gesetzprojet weiderginn.
Et war een Avis, deen de Geschäftsmann interesséiert , ma iert de Staatsrot iwwert deen Avis ofgestëmmt huet. Nodeems reporter.lu am August doriwwer bericht hat, huet de Conseil d’état säi Comité de déontologie saiséiert.
A senger Decisioun vum Dënschdeg zitéiert de Staatsrot ënnert anerem d’Gesetz, deem no Membere vum Staatsrot zur Confidentialitéit verflicht sinn. En zitéiert och en Extrait aus de Konklusioune vum Deontologie-Comité, deemno de Lucien Lux déi néideg Precautiounen hätt missen huelen, fir all Risiko ze vermeiden, datt d’Institutioun diskreditéiert gëtt. De Staatsrot ass doropshin zur Konklusioun komm, datt de Lucien Lux géint seng Obligatioune verstouss huet a wéinst der "Gravitéit" vun de Faiten, huet e sech wéi gesot fir d'Ruge ausgeschwat.
D'Ruge (oder Réprimande) ass déi zweetmannst Sanktioun vu véier, déi de Staatsrot ka géint ee vu senge Memberen decidéieren. Déi Héchst gesäit vir, datt de Grand-Duc proposéiert kritt, de Member ze entloossen. Et ass déi éischt Sanktioun, déi de Staatsrot jee géint e Member decidéiert huet an iwwerhaapt war et déi éischte Kéier, datt déi héich Kierperschaft huet missen hiren Deontologie-Comité saiséieren.
Op RTL-Nofro sot eis den LSAP-Politiker, datt hien net an Appell wäert goen, wuertwiertlech "versprécht hien, datt et an Zukunft net zu enger giel-rouder Kaart kënnt".