D'Penurie vun Dokteren ass méi grouss an de Beräicher, wou manner verdéngt gëtt. Deementspriechend wiere ganz vill Zänndokteren hei am Land, bal ze vill.

Dat sot den neie President vum Collège médical viru knapp 2 Wochen hei am RTL-Interview. Den Dr. Robert Wagener huet donieft gefuerdert, et bräicht endlech eng fundamental Ännerung am System vun der Nomenclature. Grond genuch fir d'Annick Goerens, fir emol nozefroen, wéi d'Situatioun um Terrain wierklech ausgesäit.

Nomenclature Zänndokteren - De Reportage vum Annick Goerens

Aktuell hu mer hei am Land 759 Zänndokteren, déi aktiv sinn am Registre professionnel. An de leschten 10 Joer (vun 2014-2023) hunn am Schnëtt ronn 37 Zänndokteren d'Joer eng Autorisatioun gefrot. An deenen 10 Joer virdrunner (2004-2013) waren et an der Moyenne 15 Autorisatiounen, déi gefrot goufen. D'Demandë fir hei ze schaffen ginn also an d'Luucht. Läit dat da wierklech dorun, dass hir Nomenclature besser ass? Mir hu beim Vize-President vun der Nomenclature-Kommissioun, dem Dr. Jean-Claude Schmit nogefrot.

"D‘Nomenclature selwer ass elo net exceptionellement favorabel. Wou den Dr.Wagener vläicht drop ugespillt huet, ass, dass d'Zänndoktere vläicht e bëssen eng Exceptioun hunn an deem Sënn, dass si kënnen ausserhalb vun der Nomenclature facturéieren. Wat dann à charge vum Patient ass. A si kënnen dat maachen, sous condition, dass si de Patient informéieren an him eng Aart Devis maachen. Typescht Beispill am Moment ass zum Beispill de Blanchissement vun den Zänn, dee ganz populär ass. An dat ass eppes, wat eng CNS net bezilt natierlech. Dat kann den Dokter à part facturéieren an do gëtt et keng Tariffer. Do kann hien den Tarif fräi festsetzen. D'Nomenclature seet just, hie soll et "mat Takt et mesure" maachen. Wat ëmmer dat dann ass."

De President vum Collège médical hat drop ugespillt, dass dofir vill Zänndokteren aus dem Ausland sech géingen hei néierloossen.

"Mir hunn effektiv eng Rei Cabineten, wou Zänndokteren aus dem Ausland sinn, aus dem europäeschen Ausland, déi och een Diplom hunn, deen hei zu Lëtzebuerg unerkannt ass per Definitioun, an déi och eng Autorisation d'exercer hunn. Also mir sinn an Europa a mir kënnen net engem Dokter, dee vun Thionville kënnt, elo verbidden, hei zu Lëtzebuerg ze schaffen."

Eng Rei Spezialisatiounen hätten effektiv aktuell nach schlecht Tariffer, do géing awer zanter Jore Spezialisatioun pro Spezialisatioun dru geschafft ginn, sou den Dr. Jean-Claude Schmit.