Penurie ass akut a Beräicher, wou Doktere manner verdéngen
En Dënschdeg de Moie war de Collège médical Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Avisen zu Gesetzprojete ginn an iwwerwaachen, dass sech Dokteren un d'Reegelen halen. Dat sinn d'Haaptaufgabe vum Collège médical. Dat huet den neie President, den Dr. Robert Wagener, en Dënschdeg de Moien erkläert. De Collège médical ass den Ordre vu véier Gesondheetsberuffer am Land, nämlech den Dokteren, Zänndokteren, Apdikter a Psychotherapeuten. Jiddereen, deen an engem vun de véier Beruffer schafft, ass obligatoresch Member an aktuell sinn dat 4.300 Leit. Et wier schonn immens vill Aarbecht. Zejoert hat een zum Beispill 2.600 verschidden Dossieren ze traitéieren. Dorënner 126 formell Plainte géint Dokteren.
De Collège médical muss reforméiert ginn
Den disziplinaresche Volet vum Collège médical, also d'Iwwerwaachung vun den Dokteren, hëlt am meeschten Zäit an Usproch. Am Gesetz si sechs Niveaue vu Sanktioune virgesi fir een Dokter, dee sech net un d‘Reegelen hält. Déi zwou Niddregst sinn den Avertissement an d'Réprimande. Den drëtten Niveau ass d'Geldstrof. Duerno geet et vum Exercice vum Beruff, deen ageschränkt gëtt, hin zum schlëmmste Fall: nämlech, dass den Dokter ganz aus dem Tableau radéiert gëtt, spréch net méi dierf hei am Land exerzéieren.
De Wonsch vum Collège médical wier et, dass een den Avertissement an d'Réprimande, also déi zwee ënnescht Niveauen, selwer kéint ausschwätzen an, dass een net misst iwwer e Geriicht fueren. Dat géing dacks ze vill laang daueren an da wier d'Verhältnisméissegkeet net méi ginn, well et bei den ënneschten Niveaue jo éischter ëm Froe géing goen, wou den Dokter net direkt misst gespaart ginn.
De Collège médical misst also onbedéngt reforméiert ginn, fir méi effikass a méi séier kënnen ze schaffen. Et géing schonn zanter Joren een entspriechende Gesetzprojet am Tirang vum Santésministère leien. Obwuel de Projet virdrun als Prioritéit deklaréiert gouf, wier en ni ëmgesat ginn, kritiséiert den neie President. Et géing een elo drop hoffen, dass déi nei Ministesch oder den neie Minister de Gesetzprojet iwwer d'Reform vum Collège médical géing op den Instanzewee schécken.
Beim Remboursement vun der Psychotherapie muss endlech eppes geschéien
Op d'Gesondheetspolitik allgemeng ugeschwat, do fuerdert de President vum Collège médical ënnert anerem, dass eng Konventioun tëscht CNS an de Psychotherapeute misst kommen. Hie selwer ass zwar Psychiater, mee wier als Psychotherapeut am Collège médical. Den Accès op d'Psychotherapie misst vereinfacht ginn, virop fir Leit, déi op all Euro mussen oppassen. D'Patiente géingen aktuell just zu 70 Prozent rembourséiert ginn. An 30 Prozent aus eegener Täsch fir all Consultatioun iwwer Wochen a Méint wier fir vill Leit net machbar. A bei der Psychotherapie géing den Tiers payant social och nach net spillen. Do ass vill Handlungsbedarf, kritiséiert den Dr Robert Wagener.
Penurie ass akut an deene Spezialisatiounen, wou Doktere manner verdéngen
A wat Penurie a verschiddenen Dokterberuffer ugeet, do misst een einfach de Constat maachen, dass dat a verschiddene Spezialisatioune méi de Fall ass, wéi bei aneren. Zänndokteren hätte mer zum Beispill hei am Land bal ze vill an dat géing net doru leien, dass Zänndokteren de Klima hei am Land besser fannen, mee well hir Nomenclature einfach besser wier, kritiséiert den Invité. Se géingen also fir hir Prestatioune besser bezuelt ginn. D'Schéier tëscht finanziell méi a manner attraktive Spezialisatioune géing ëmmer weider auserneegoe mat alle Problemer, déi dat mat sech bréngt. An dofir wier de Collège médical der Meenung, dass do eppes Fundamentales misst änneren.
Doktere solle sech dierfen a Societéiten zesummendoen
Och mam Gesetzprojet 8013 hätt ee kënne géint d'Penurie ugoen. Mat deem Text géing et fir d'Doktere méiglech ginn, sech a Sociétés civiles zesummenzeschléissen. Grad fir Jonker, déi méi Work-Life-Balance wéilten, wier dëst attraktiv, fir kënnen als Salarié ze schaffen a fir sech net musse selbststänneg ze maachen. Zu Lëtzebuerg wier dat allerdéngs fir d'Doktere ganz beschränkt. Do kéint een entweder an den CHL goen oder fir de Staat schaffen, soss géingen et net vill Méiglechkeete ginn, kritiséiert den Dr. Wagener.
De Projet 8013 hätt dëst méiglech gemaach, mee wier allerdéngs schonn am Virfeld a Grond a Buedem kritiséiert ginn. Sécherlech géingen et e puer berechtegt Bedenke ginn. D'Angscht wier nämlech, dass doduerch auslännesch Investisseure géingen op Lëtzebuerg kommen, an dass et bei dëse Societéite just ëm d'Sue géing goen. D'Investisseure wieren awer schonn do an näischt maachen, wier och net d'Léisung. Et misst een et gesetzlech richteg encadréieren, fir Abusen ze verhënneren. Notamment, dass zum Beispill een Dokter un der Spëtzt vun esou enger Societéit misst stoen. Dofir och d'Fuerderung un déi nächst Regierung, de Projet 8013 nees op den Instanzewee ze schécken, sou den neie President vum Collège médical.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.