Am Deel 1 hu mer eis der Fro gestallt, ob Zänndokteren eng besser Nomenclature hunn an deemno besser verdénge wéi aner Spezialisatiounen.

Reform vun der Nomenclature - De Reportage vum Annick Goerens

Een nuancéierten "Nee" war d'Äntwert. Ma wéi genee fonctionéiert eigentlech de System vun der Nomenclature a brauch et eng Reform? Dat wollt d'Annick Goerens vum Vize-President vun der Nomenclature-Kommissioun, dem Dr. Jean-Claude Schmit, wëssen.

Een Dokter dierf fir ee bestëmmten Akt just een definéierten Tarif froen. Dës Tariffer gi vun der Nomenclature-Kommissioun festgeluecht. Et wier e komplizéierte Prozess, deen net vill Raum fir Flexibilitéit géing loossen.

"A wat wichteg ass, dass d'Leit verstinn: d'Commission de Nomenclature ass net den Endroit, wou negociéiert gëtt. Am Prinzip gëtt virdrun negociéiert. Zum Beispill tëscht den Dokteren an der CNS, fir sech iwwer Tariffer eens ze ginn an da kënnt eng Demande standardisé eran a mir validéieren dat eigentlech just."

Natierlech wier sech d'CNS, also d'Gesondheetskeess a vill aner Acteure bewosst, dass d'Nomenclature net méi aktuell ass an do wier och eng Reform amgaangen.

"Déi geet wierklech Secteur pro Secteur vir. Zum Beispill d'Kardiologie, da Pneumologie, also wierklech den Domainë vun der Medezin no. An do lafen dann d'Diskussiounen zum Beispill am Virfeld tëscht der Societéit vun de Kardiologen an der CNS, fir déi Nomenclature ze reforméieren. Dann och fir nei Akten anzeféieren an al Akten ze suppriméieren, déi kee Sënn méi maachen, well einfach d'Innovatioun an der Medezin an engem Stéck weidergeet."

Dat hätt een och scho fir eng Rei Domainë gemaach, mee et géing extrem vill Zäit huelen, well een eben de Konsens mat den Acteuren um Terrain géing sichen.

"Generell ass et esou, dass effektiv eng Rei Spezialitéiten eng schlecht oder eng net-gutt-genuch Nomenclature hunn. Besonnesch Spezialitéiten, wou wéineg Actes techniques ze maache sinn, mee wou den Acte intellectuel eigentlech predominant ass. Ech ginn Iech e Beispill, d'Pediateren, d'Kannerdokteren. Do sinn net vill Actes techniques ze maachen. Par konter eng Consultatioun an der Pediatrie dauert eng gewëssen Zäit. An dofir ass den Tarif warscheinlech net gutt genuch do."

Doru gëtt awer wéi gesot scho geschafft. Am Prinzip sollen dës Tariffer nämlech 3 Aspekter berécksiichtegen. D'Dauer vum Akt, déi technesch Komplexitéit an den Effort intellectuel, an net just technesch Akten, wéi et aktuell dacks de Fall ass, sou de Vize-President vun der Nomenclature-Kommissioun den Dr. Jean-Claude Schmit.