Abréch an nees e Fall vu Bedruch duerch falsch Bankemployéen

© RTL Archivbild
Wéi d'Police mellt, koum et e Méindeg nees zu engem Fall vu Bedruch, dës Kéier zu Esch.
D'Affer gouf fir d'éischt per Telefon kontaktéiert. Déi Onéierlech wollten e Rendez-vous ausmaachen an eng Léisung fir e presuméierte Problem mat de Kreditkaarte vum Affer ze fannen. Een Täter ass och effektiv bei d'Affer Heem an huet sech do déi gefrote Kaarten aushännege gelooss. Kuerz drop goufen dann och Suen opgehuewen, ier d'Kreditkaarte gespaart goufen.
D'Police mécht an deem Zesummenhang nach emol de Rappell, dass seriö Administratiounen, Organisatiounen a Firme keng perséinlech Donnéeën iwwer Telefon froen. Et soll een och kenge frieme Leit seng Bancomatskaarte matginn.
E puer Abréch
Da mellt d'Police nach eng Rei Abréch zanter e Méindeg, respektiv Versich.
Sou ass kuerz viru 17 Auer an eng Wunneng an der Rue Pierre Clement zu Käerjeng agebrach ginn. Dobäi gouf d'Schlass vun der viischter Dier opgebrach an d'Schief souwéi d'Tiräng duerchsicht.
Méi spéit gouf et en Abroch an e Buttek am Rangwee um Houwald. Och do gouf d'viischt Dier opgebrach an e puer Motoen, déi am Raum opgestallt waren, geklaut. D'Täter si geflücht, eng Sichaktioun säitens der Police war negativ.
Da koum et nach zu engem versichten Abroch géint 21 Auer zu Déifferdeng op der Place Millchen. Éischten Informatiounen no sollen 3 Täter versicht hunn, sech en Zougang zu enger Wunneng ze verschafen, andeems eng Fënster ageschloe gouf. D'Täter wieren allerdéngs gestéiert ginn a konnte flüchten.