Joresbilan vun der ABBLDe Bankesecteur zu Lëtzebuerg bleift weider stabil

Céline Eischen
D'ABBL huet op hirer Pressekonferenz op d'Joer 2025 zréckgekuckt.
De Bankesecteur zu Lëtzebuerg bleift weider stabil
D'Lëtzebuerger Banken-Associatioun ABBL huet op hirer Pressekonferenz op d'Joer 2025 zréckgekuckt.

Et wier ee Joer mat gudde Resultater an et géif een och weider international Acteuren op Lëtzebuerg kréien. D'Bilane si liicht ëm 2,29% geklommen, domat stabiliséiere sech d'Resultater vun de Banken op engem héijen Niveau. Ma op der anerer Säit géifen och d'Käschte klammen, dat besonnesch duerch d'Salairen, mee awer och wéinst de Mesuren, déi fir d'Cybersécherheet néideg sinn. Am RTL-Interview ass den Direkter vun der ABBL Jerry Grbic dann och op d'Responsabilitéit vun de Banken an der Logementskrise agaangen.

De Volume vun de Kreditter huet sech nom groussen Abroch aus de Joren 22/23 erholl. D'Transaktiounen um Wunnengsmaart huelen nees zou, awer net bei de VEFAen. Hei gesi sech d'Banken dacks mam Reproche konfrontéiert, datt de gefroten Taux de Prévente vun engem Projet mat ëm déi 80% ze héich wier. De Jerry Grbic preziséiert, datt de System net géif dovunner profitéieren, wa sech dat grouss géif änneren:

Wann Dir natierlech als Promoteur ufänkt mat bauen an Dir hutt een Appartement verkaf, dann ass d'Prinzip Hoffnung, fir dass Dir méi verkaaft an dat ass, wou d'Bank seet, dat spille mer net mat, well da gi mer Richtung Spekulatioun, an dat wär ongesond. An domadder géife mer nämlech dann och de ganze System à terme à risque setzen.

Dofir sollt ee méi op Transparenz setzen, fir d'Vertraue vun de Keefer nees opzebauen. Eng Pist wier zum Beispill, de gesetzleche Kader vun der Garantie d'achèvement ze iwwerschaffen. An och de Keefer méi kloer ze maachen, wat hir Rechter sinn. De Jerry Grbic ënnersträicht awer och:

Wann d'Qualitéit vum Promoteur gutt ass, dat heescht net nëmmen de Projet selwer, mee och déi Firma, déi baut mat hire Bilanen, mat hire Reserven an esou weider, sinn d'Banken och bereet, éischter ee Kredit ze ginn oder d'Garantie d'achèvement auszestellen, da kann dat ënner 70 % sinn.

Anere wichtege Sujet sinn och Investitiounen an d'Innovatioun an d'Digitalisatioun:

Eng Bank, déi haut net digital ass oder digital wëll ginn, déi wäert et an Zukunft schwéier hunn an d'Iddi ass hei a sech, fir net de Mënsch ze ersetzen, et ass natierlech Käschtendrock, deen do ass, an Effizienz muss gesteigert ginn, mee et ass fir de Mënsch oder soe mer, den Employé besser ze maachen.

Fir datt et sech och an Zukunft lount, als Finanz-Akteur op Lëtzebuerg ze kommen, wier et wichteg, ee fiskaalt Ëmfeld ze schafen, dat Investitiounen an d'Innovatioun am Finanzberäich méi attraktiv mécht, esou nach den Direkter vun der ABBL.

© Céline Eischen

Back to Top
CIM LOGO