
Et ass ee Virgank, wéi et en net all Dag gëtt. Den Inneministère huet eng Deliberatioun vun der Gemeng Dippech annuléiert, wou et ëm den Tosch vun Terraine gaangen ass. Den Dippecher Schäfferot akzeptéiert déi Decisioun zwar, mee weist sech awer enttäuscht. Vun der Oppositioun ass et iwwerdeems d'Kritik, datt de Schäfferot net am Sënn vun der Gemeng gehandelt hätt.
Am Joer 2023 hat d'Gemeng Dippech fir 1,1 Milliounen Euro een Terrain vun 39 Ar an der Route de Luxembourg zu Dippech kaaft. D'Iddi war, fir hei engersäits ee Parking an anerersäits soziale Wunnraum ze schafen. Well dee Projet de Krittär vun der Utilité publique erfëllt, konnt d'Gemeng hiren Droit de préemption spille loossen. Bis haut gëtt et op där Plaz awer weder ee Parking nach soziale Wunnraum, mee am Mäerz dëst Joer gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit eng Deliberatioun ugeholl, där no ronn dräi Véierel vum Terrain géint een Terrain zu Schuller getosch sollte ginn. De Präis vun den Terraine gouf vum Schäfferot op jee 305.000 Euro festgeluecht. Bei der Oppositioun ass een awer der Meenung, datt déi Zomm vill ze niddreg ass, wéi de Sven Schaul vun der Biergerinitiativ Gemeng Dippech erkläert.
"Wat einfach flagrant ass, wann der wësst, datt dräi Joer virdrun d'Gemeng deen Terrain fir 1,1 Millioun ofkaaft huet a wann der dann dovu 75 Prozent erofhuelt, da kommt der op ee Präis vun 820.000 Euro. Also ass d'Fro, wéi kann ee Schäfferot higoen an een Terrain, deen eng Valeur huet, op Basis vun deem Präis, dee se deemools bezuelt huet, vun 820.000 Euro, wéi kann en aus 820.000 305.000 Euro maachen?"
Den DP-Schäffe Luc Emering hat an der Gemengerotssëtzung am Mäerz gesot, dat wier eng bewosst Decisioun gewiescht, fir d'Enregistrementskäschte sou niddreg wéi méiglech ze halen. An och haut steet hien nach dozou, et géing een nämlech all d'Awunner vun der Gemeng d'selwecht behandelen.
"Wa mer déi lescht Jore gekuckt hunn, fir wéi vill Euro mer do Land an deene verschiddenen Zonen akaaft hunn, déi allkéiers vum Enregistrement, déi d'Einschreibegebühre maachen, akzeptéiert gi sinn, dat heescht mat eisem Präis vun 100.000 den Hektar, fir Saachen, déi ausserhalb vum PAG leien. Déi Präisser hu mer och fir deen heite Compromis agesat. Mir wollte keng Situatioun schafen, wou mer virdrun Acquisitioune gemaach hunn, wou mer deem heite Proprietär lo méi ginn hätte wéi deene Leit."Wat den Terrain zu Schuller ugeet, wollt d'Gemeng deen engersäits hunn, fir do ee Schoulwee fir d'Kanner unzeleeën an anerersäits fir Héichwaasserschutz ze bedreiwen. Déi zwee Projete wieren och absolut néideg, esou de Luc Emering.
"Mir hunn een Appartementshaus, dat direkt nieft der Baach ass, wou virun e puer Joer bal Leit gestuerwe sinn, déi sech nach an der Garage opgehalen hunn, déi net méi erauskomm sinn. Dee Cadeau, vun deem geschwat ginn ass, mir géingen ee Cadeau vun e puer Honnertdausend Euro maachen, dat ass einfach falsch, dat ass net richteg. Wann et sou wier, soen ech Iech, dann hätte mer nawell kee Cadeau gemaach, mee da soen ech ganz einfach, mir ass den Héichwaasserschutz dat wäert. Mir ass et och wäert, datt d'Kanner kënnen iwwert ee Wee goen an net musse laanscht eng Strooss goen, wou vill Verkéier ass. Dat war eis dat wäert."
Et géing een dann och weider dorunner festhalen an de Proprietär vun den Terrainen deemnächst an de Schäfferot invitéieren, fir no anere Léisungen ze sichen. Um Terrain zu Dippech wäerten iwwerdeems elo da wéi initial geplangt ee Parking a soziale Wunnraum entstoen.
Déi Dippecher Oppositioun reprochéiert dem Schäfferot och, iwwert een Avis juridique am Virfeld vun der geplangter Transaktioun gelunn ze hunn. De 16. Mäerz wier gesot ginn, et géing een Avis virleien, mee dat wier a Wierklechkeet réischt den 20. Abrëll de Fall gewiescht. Ma och dee Virworf weist de Schäfferot zeréck.