Gesondheetsversuergung a Verkéiersinfrastrukturen ausbauen

© Marc Hoscheid
En Dënschdeg Mëtteg goufen an der Chamber déi restlech 21 Deputéiert vereedegt. Een dovunner ass de Jeff Boonen.
De Bauer vun Ielwen gouf Fënneften op der Nord-Lëscht vun der CSV a réckelt fir d'Martine Hansen an d'Parlament no. Fir de ländleche Raum gesäit hien Erausfuerderungen an de Beräicher Gesondheet, Mobilitéit an Energie.
Wat d'Gesondheet betrëfft, esou wier dës am gaangen ëmmer méi an de Klinicken zentraliséiert ze ginn. Dat fir verschidde Kompetenze no beieneen ze hunn. Gläichzäiteg gouf an deene leschte Joren awer och ëmmer nees kritiséiert, datt de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) mat sengen Antennen zu Ettelbréck a Wolz eng Partie Servicer net méi ubitt. De Jeff Boonen gleeft dann och net, datt sech dat radikal wäert ännere loossen a setzt dowéinst op eng aner Pist.
"Alles kréie mer net méi hin. Dat huet domat ze doen, datt ënnert anerem souwisou een Doktermangel ass, an dat medezinescht Personal, dat do ass, wëllt natierlech an engem gudden Ëmfeld schaffen. Dofir mengen ech, kréie mer et net hin, alles zu Wolz an zu Ettelbréck unzebidden. Mee dofir ass et awer wichteg, datt mer déi regional Antennen do ënnert anerem, mee och a gréissere Gemenge Gemeinschaftspraxe maachen, wou een eng staark Allgemengmedezin huet plus vläicht e puer Spezialisten derbäi."
Mat Bléck op d'Mobilitéit misst den ëffentlechen Transport am ländleche Raum ausgebaut ginn, dat esouwuel fir den Trafic op der Strooss ze reduzéieren wéi och fir den CO2-Ofdrock ze verréngeren. Ma déi Zäit, an där d'Zuchstreck an den Norde blockéiert war, hätt gewisen, datt sech och op der Strooss, notamment der N7, eppes doe misst an dës, do wou et méiglech ass, op véier Spuere sollt ausgebaut ginn.
"Natierlech musse mir elo och kucken, wou geet et, mir setzen do un, wou de François Bausch mengen ech, bis dohi wou hie geschafft huet. Déi Contournementer, déi elo gebaut ginn, gi véierspuereg gemaach, datt mer direkt iwwerall, wou lo investéiert gëtt, awer grouss genuch plangen, datt et fir déi Leit, déi vun uewe erof kommen, rullt."
Wat déi energeetesch Transitioun ugeet, géing ee prioritär op d'Photovoltaik setzen. Ma et bräicht och nach weider Wandrieder. Hei misst an enger éischter Phas ee Wand-Kadaster opgestallt ginn. An engem zweete Schratt missten d'Leit agebonne ginn, beispillsweis duerch Kooperativen. Et wier awer illusoresch ze mengen, et kéint een d'Energie produzéieren, déi ee braucht, ouni se ze gesinn.